Observatoire Kvistaberg
|
| |
| Typ | Musée, Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Proprietär | Universitéit Uppsala |
| MPC-Code | 049 |
| Datum vum Bau | 1919 |
| Opgaangen | 1948 |
| Websäit | http://www.astro.uu.se/history/Kvistaberg.html |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Schweden |
| Koordinaten | 59°30'6,000"N, 17°36'24,000"O |
| Héicht | 30 m |
|
| |

Den Observatoire Kvistaberg (schweedesch: Kvistabergs observatorium) ass en Observatoire an der schweedescher Gemeng Upplands-Bro, tëscht Uppsala a Stockholm. E gehéiert zu der Universitéit Uppsala.
Den Observatoire war en Don vum Nils Tamm, engem Kënschtler deen a senger Jugend zu Uppsala ënner dem Nils Christofer Dunér an dem Östen Bergstrand Astronomie studéiert hat a säi ganzt Liewen e begeeschterten Amateurastronom bliwwe ass. Duerch den Asaz vun de Professeren Åke Wallenquist a Gunnar Malmquist vun der Universitéit Uppsala, gouf den Observatoire mat enger grousser Schmidt-Kamera mat enger Apertur vun engem Meter ekipéiert. De Wallenquist gouf den éischten Direkter (1948 – 1970); no him koumen de Tarmo Oja (1970 – 1999) an de Claes-Ingvar Lagerkvist (1999 – 2007).
Am Joer 2004 huet d'Universitéit Uppsala decidéiert den Observatoire zouzemaachen. Den Terrain an d'Haaptgebäi goufen un d'Gemeng Upplands-Bro verkaf. An de Kuppele gouf an Zesummenaarbecht mat der Gemeng e Musée ageriicht, deen 2009 ënner der Leedung vum Bengt Edvardsson opgoung.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire Kvistaberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Den Observatoire op der Säit vun der Universitéit Uppsala
