Olympia (Griicheland)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Hellegtum Olympia a Griicheland. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Olympia.
Ruine vun Olympia.

Olympia (gr.: Ολυμπία) war en Hellegtum zum Zeus zu Elis an och d'Plaz wou d'Olympesch Spiller vun der Antiquitéit ausgedroe goufen.

Schonn am Mëttelhelladikum stoung op der Plaz vun der spéiderer Altis eng kleng Uertschaft. Aus mykenescher Zäit goufen allerdéngs nëmme vereenzelt Saache fonnt, wärend um Hiwwel westlech iwwer Olympia a mykenescher Zäit eng wichteg Uertschaft stoung. D'Kultplaz ass ëm d'10./9. Joerhonnert v. Chr. entstanen. D'monumental Baute kruten hir definitiv Form allerdéngs eréischt am 4. Joerhonnert v. Chr.. Am Joer 426 huet den ostréimesche Keeser Theodosius II. d'Spiller an d'Fester op där Plaz verbidde gelooss, fir d'Heedentum ze bekämpfen.

Altis[änneren | Quelltext änneren]

Plang vum Hellegtum vun Olympia.

D'Altis, den Hellegen Hiwwel vun Olympia, ass den Numm fir de Kärberäich vum Hellegtum vun Olympia. Eng vun den urspréngleche Kärzelle vum Kult op der Altis war de „Pelopion“, e Grafhiwwel aus der Bronzezäit, deen den Herakles soll opgeschott hunn. Eng weider Keimzell vum Kult ass och eng Äerdspléck um Kronoshiwwel, wou d'Orakel souz, wat spéider dem Zeus gewidmet gouf. Dëst Orakel huet och nach an historescher Zäit eng Roll gespillt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Griichesch Orakelen.
Am Hellegtum sinn eng Partie Tempelen an Altär entstanen, op deenen Affer gemaach goufen - de Pausanias schwätzt vun 69 Altär. Am Norde stoungen op enger Terrass um Fouss vum Kronoshiwwel eng ganz Partie Schatzhaiser vu griichesche Poleis a westlech dovu stoung de Prytaneion. Am Laf vun der Zäit gouf d'Altis duerch d'Kadoen ëmmer méi räich, a vill Monumenter goufe gebaut. D'Altis, den Temenos vun Olympia, krut am 4. Joerhonnert och eng Mauer mat warscheinlech fënnef Dieren.

Baussent dem Temenos sinn eng Partie weider Baute fir d'Administratioun vum Hellegtum a fir d'Concoursen entstanen. De Buleuterion (6. Joerhonnert v. Chr.) war de Sëtz vum Olympesche Rot. Dat gréisst Gebai zu Olympia war de "Leonidaion", en Haus fir d'Gäscht aus dem 4. Joerhonnert v. Chr. wat a réimescher Zäit ëmgebaut ginn ass. Als Trainingsplaze fir d'Athlete gouf et eng "Palestra" (3. Joerhonnert v. Chr.) a fir d'Liichtathleeten e Gymnasion (2. Joerhonnert v. Chr.) mat engem grousse Propylon. Nieft dem Buedhaus aus griichescher Zäit goufen ënner de Réimer Therme gebaut. E Bau aus dem 5. Joerhonnert v. Chr. gouf als Atelier vum Phidias identifizéiert, an deem déi monumental Zeusstatu fir den Tempel gebaut ginn ass. Och de Stadion, wou d'Concoursen ofgehale goufen, louch baussent der eigentlecher Altis. Déi gréisst Anlag war den Hippodrom, deen awer duerch de Floss Alpheios ewechgespullt ginn ass, an net méi erhalen ass.

Tempelen[änneren | Quelltext änneren]

Den Heratempel[änneren | Quelltext änneren]

Den Hermes vun Olympia: Statu vum Hermes deen den Dionysos dréit, aus dem Heratempel.

Den Tempel, deen als Heratempel bekannt ass, läit am Norddeel vun der Altis, an ass den eelste Peripteraltempel am Hellegtum an ee vun de fréien doreschen Tempelen a Griicheland. Op dëser Plaz stoung warscheinlech wéi sou dacks schonn eng eeler Kultplaz. Den Tempel gouf ëm 600 v. Chr., warscheinlech als Geschenk vun der triphylescher Stad Skillous gebaut. Eréischt méi spéit, nodeem 580 v. Chr. d'Kontroll iwwer Olympia un Elis gaange war, gouf den Tempel der Gëttin Hera gewidmet. Um Ufank vum 4. Joerhonnert gouf den Tempel duerch en Äerdbiewen zerstéiert, nat net méi opgebaut.

De Bau war um Stylobat 50,01 × 18,76 Meter grouss, an hat mat enger Rankhal vu 6 op 16 Sailen e laange Grondrëss. Dës Saile waren ufanks aus Holz a goufe spéider mat Sailen aus Steen am Stil vun der Zäit ausgetosch. Dat erkläert, firwat d'Saile komplett ënnerschiddlech ausgesinn. Nach wärend der Réimescher Keeserzäit konnt de Pausanias eng Holzsail am Opisthodomos fannen. D'Mauere waren um Sockelberäich aus Steen, an doriwwer an altertëmlecher Weis aus Leemzillen opgemauert. D'Mauerzongen, d'Anten, ware mat Holzbrieder verkleet, fir d'Leemmaueren ze schützen. E sougenannte Lakoneschen Daach louch iwwer dem Ganzen. D'Giewele goufen duerch Akroteren aus Toun gekréint, déi en Duerchmiesser vun 2,5 Meter haten, a jeeweils aus engem Stéck gebrannt waren.

De Pausanias erzielt och vun zwee Kultbiller am Tempel selwer: op engem dovu souz d'Hera, op deem anere stoung den Zeus. Den Tempel gouf ausserdeem benotzt, fir déi vill Gëtterbiller a Geschenker ze lageren. Ee vun de wéinege Géigestänn, déi haut nach erhale sinn, ass den Hermes Praxiteles. Am Heratempel stoung och en Dësch, op deen d'Kränz fir d'Gewënner geluecht goufen. Hautdesdaags gëtt beim Heratempel d'Olympescht Feier ugefaangen.

Den Zeustempel[änneren | Quelltext änneren]

Ruine vum Zeustempel zu Olympia.

Tëscht 470 v. Chr. a 456 v. Chr. huet de Baumeeschter Libon den Zeustempel an doreschem Stil gebaut. De Halentempel mat senge 6 op 13 Saile war um Stylobat 64 op 28 Meter grouss, an zielt zu de wichtegste Bauwierker vun der fréiklassescher Architektur. D'Giewele ware mat Marberskupture besat. Op der Ostsäit vum Tempel war d'Thema eng lokal Seechen - d'Course tëscht dem Oinomaos an dem Pelops - duergestallt. Den Zeus erschéngt an der Mëtt als Schicksalsbestëmmer: hie kuckt no riets op de Pelops, deen d'Course gewonnen huet. Op der Westsäit vum Tempel ass de Kampf vun de Lapithen géint d'Kentauren duergestallt. D'Metopen iwwer Pronaos an Opisthodom weise Relieffer vun den zwielef Aufgabe vum Herakles. An der Cella stoung déi iwwer 12 Meter héicht Zeus-Statu vum Phidias aus Gold an Elfebeen, déi an der Antiquitéit zu de Siwe Weltwonner gezielt gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zeus-Statu vum Phidias.
A byzantinescher Zäit gouf de Bau als Kierch weiderbenotzt. Am 6. Joerhonnert gouf d'Gebai duerch den Äerdbiewe bis op d'Grondmaueren zerstéiert.

De Stadion[änneren | Quelltext änneren]

De Stadion vun Olympia haut.

De Station gouf no Ausgruewungen am Joer 1961 restauréiert, an a seng Form vum 4. Joerhonnert v. Chr. bruecht (Stadionphas III). Vis-à-vis vum ale Stadion (II) war et ëm 75 m no Nordoste verréckelt ginn. Déi ganz Anlag vum Stadion war 213 Meter laang. D'Längt vun der Lafbunn waren ëm déi 192,28 Meter, hir Breed war tëscht 31 an 32 Meter. D'Lafbunn war vun einfache Grashiwwelen ëmginn, op deene 450.000 Zuschauer eng Plaz fonnt hunn. Aus Stee gouf et nëmmen eng kleng Tribün, déi fir d'Arbitteren an d'iewescht Paschtéierin vum Heratempel reservéiert war. Si war och déi eenzeg Fra, déi bei de Spiller duerft derbäi sinn. D'Athlete sinn duerch e Gank dee vun der Altis komm ass, an de Stadion komm. Bei Concourse gouf a Richtung Zeusaltor d. h. a Richtung Altis gelaf.

Entdeckungen an Ausgruewungen[änneren | Quelltext änneren]

Schonn de 14. August 1723 huet de Bernard de Montfaucon an engem Bréif un de Quirini, den Äerzbëschof vu Korfu, deen als Kenner vun der Antiquitéit bekannt war, ëm Ausgruewen zu Olympia gebieden.

1766 huet den engleschen Theolog Richard Chandler d'Plaz besicht. De Johann Joachim Winckelmann huet 1768 éischt Pläng gezeechent, an zu Olympia ugefaange mat gruewen, mä konnt net mat sengen Aarbechte weiderfueren, well hie fréizäiteg gestuerwen ass. De Fransous Fauvel huet 1787 eng éischt topographesch Skizz an eng Beschreiwung vun der Géigend erausginn. Englesch Archeologen hu sech elo och fir d'Plaz intresséiert, dorënner de Leake (1805) an den Dodwell (1806), déi kleng Ausgruewunge bei den Iwwerreschter vum Zeustempel virgeholl hunn. 1811 sinn de Cockerell, an 1813 de Lord Spencer Stanhope op Olympia komm, fir eng topographesch Kaart ze zeechnen. Eng Grupp vu franséische Geléierten huet 1829 grouss Deeler vum Zeustempel fräigeluecht.

Den Ernst Curtius.

Zu systemateschen Ausgruewunge vu weidere Beräicher koum et duerch d'däitsch Ausgruewunge vun 1875 an 1881 zu deenen d'Archeologen Ernst Curtius a Friedrich Adler gehéiert hunn. D'Leedung op der Plaz huet dacks gewiesselt. D'Archeologe Gustav Hirschfeld an Adolf Boetticher sinn am Dall u Malaria krank ginn. Spéider hunn och d'Archeologe Georg Treu, Adolf Furtwängler a Karl Purgold, souwéi d'Architekte Richard Bohn a Wilhelm Dörpfeld zu Olympia gegruewen. Déi ausféierlech Beschreiwung vum Pausanias aus dem 2. Joerhonnert huet et erméiglecht, bal all d'Gebaier z'identifizéieren. En neie Musée gouf op der Ausgruewungsplaz gebaut, fir d'Fondstécker ënnerzebréngen. Bis 1897 goufe grouss wëssenschaftlech Publikatioune vun der Ausgruewung virgeluecht.

D'Gruewunge goufe spéider duerch d'Däitscht Archeologescht Institut ee Joer no den Olympesche Spiller zu Berlin (1936) nees opgeholl, an dauere mat Ënnerbriechunge bis haut. 1961 gouf de Stadion ausgegruewen a restauréiert. D'Ausgruewunge stinn zanter 1975 ënner der Leedung vum Helmut Kyrieleis.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Hans-Volkmar Herrmann, Olympia: Heiligtum und Wettkampfstätte. Hirmer, München, 1972. (ISBN 3-7774-2480-3)
  • Alfred Mallwitz, Olympia und seine Bauten. Prestel, München, 1972, (ISBN 3-7913-0321-X)
  • Hanns-Peter Mederer: "Lasst die dröhnende Harfe uns wecken. Die Schauplätze der Wettkämpfe und Siegesfeiern in Pindars Epinikien", In: Antike Welt 2003, S. 433−440.
  • Rosmarie Günther, Olympia. Kult und Spiele in der Antike. Primus-Verlag, Darmstadt, 2004, (ISBN 3-89678-251-7)
  • Michael Siebler, Olympia. Ort der Spiele, Ort der Götter, Klett-Cotta, Stuttgart, 2004. (ISBN 3-608-96006-6)
  • Ulrich Sinn, "Olympia" In: Der Neue Pauly, J.B. Metzler, Stuttgart, 2000. Sp. 1169-1183. (ISBN 3-476-01470-3)
  • Ulrich Sinn, Olympia. Kult, Sport und Fest in der Antike, Beck, München, 2002. (ISBN 3-406-40339-5)
  • Ulrich Sinn, Das antike Olympia. Götter, Spiel und Kunst, Beck, München, 2004. (ISBN 3-406-51558-4)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olympia – Biller, Videoen oder Audiodateien


Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.