Pausanias (Geograph)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam griichesche Geograph Pausanias. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Pausanias.

De Pausanias war en antike griichesche Geograph a Reesenden am 2. Joerhonnert eiser Zäit.

De Pausanias ass am Ufank vum 2. Joerhonnert (~110/115) a Klengasien op d'Welt komm. Iwwer säi Liewen ass net vill gewosst, well d'antik Auteure schwätze quasi net vun him, an hie selwer verréit och net vill iwwer sech.

Hien huet warscheinlech säi Studium an enger vun de grousse Stied op der Egäisküst gemaach, déi ënner der Pax romana erëm opgebléit sinn, an e Foyer vu griichescher Kultur waren. Seng Formatioun war op allefall zolidd, hien huet all déi grouss klassesch Auteure kannt, geneesou wéi déi méi modern vu senger Zäit.

Wat hien am meeschten intresséiert huet, waren déi antik reliéis Aspekter: Statuen, Gebaier, Riten, Mythologie... .

De Pausanias ass vill an der griichescher Welt ronderëmgereest, an huet seng Erfarungen a sengem Wierk néiergeschriwwen.

Periégesis tes Hellados[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pausanias säin eenzegt Wierk ass d'Periégesis tes Hellados (lëtz.: Beschreiwung vu Griicheland). Geschriwwen tëscht 150 an 175 ass dëst Wierk an 10 Bicher opgedeelt, déi d'Regioune vu Griicheland beschreiwen. Säi Wierk ass eng wichteg Source fir d'Archeologie. Mam Text vum Pausanias am Grapp goufen déi éischt Ausgruewungen zu Olympia an Delphi gemaach, an duerch seng Beschreiwunge konnte vill Ruinen identifizéiert ginn.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • William Kendrick Pritchett, Pausanias Periegetes, Gieben, Amsterdam, 1998.
  • Georges Roux, Pausanias en Corinthie, Belles Lettres, Paräis, 1950.
  • Georges Daux, Pausanias à Delphes, Boccard, Paräis, 1936.
  • Sir James George Frazer, Sur les traces de Pausanias: A travers la Grèce ancienne, Belles Lettres, Paräis, 1927.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.