Optical Gravitational Lensing Experiment

Vu Wikipedia
Den OGLE Teleskop vum Las Campanas-Observatoire.

D'Optical Gravitational Lensing Experiment ofgekierzt OGLE ass e wëssenschaftlechte Fuerschungsprojet an der Observatiounsastronomie, vun Astronomen vum Observatoire vun der Universitéit Warschau a Polen, ënner der Leedung vum Andrzej Udalski.

D'Haaptaufgab vum OGLE ass d'Sich an d'Observatioun vu Microlensing-Effeter. Domat kënnen ënner anerem Objete vu galakteschen Haloen am Kader vun der Sich no Donkler Matière nogewise ginn (kuckt och MACHO), déi ze däischter fir eng direkt Observatioun sinn. Zanter kuerzem gëtt OGLE virun allem awer fir d'Sich no Exoplanéite benotzt. Sou konnt am Januar 2006 a Kooperatioun mat de Projete PLANET a Microlensing Observations in Astrophysics e Planéit mat enger Mass vun nëmme 5,5 Äerdmassen nogewise ginn.

An der éischter Phas (19921995) stoung fir OGLE den 1-m-Henrietta-Swope-Teleskop vum Las Campanas-Observatoire am Chile zur Dispositioun. No Ofschloss vun där Phas gouf den 1,3-m-Warschau-Teleskop zu Las Campanas speziell fir OGLE opgeriicht, an am Joer 1997 a Betrib geholl. Déi drëtt Phas, déi 2001 ugefaangen huet, zeechent sech besonnesch mat neien Instrumenter, wéi och eng besser CCD-Kamera a mam verbesserte Microlensing Early Warning System (EWS) aus. Domat kënnen och aner Observatoiren op e Microlensing-Evenement higewise ginn, dat just ufänkt, a sou d'Observatioun akzeptéiert oder verbessert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]