Oscar d'Ardenne

Vu Wikipedia
Oscar d'Ardenne
Gebuer 1897
Gestuerwen 19. Juli 1968
Aktivitéit Offizéier

Den Oscar d'Ardenne, gebuer den 29. Oktober 1897 zu Verviers, a gestuerwen den 19. Juli 1968 zu Dalhem, war e belschen Offizéier a Kommandant vum Fort d'Aubin-Neufchâteau.

Vun 1935 bis 1940 hat hien d'Opsiicht beim Bau vun der Festung zu Aubin-Neufchâteau. Wéi den Zweete Weltkrich ugefaangen huet, huet hie mat sengen Zaldoten de Fort wärend eelef Deeg, bis op de leschte Schoss Munitioun verdeedegt, nodeem en zweemol eng Kapitulatioun refuséiert hat.

De Courage vun de belschen Truppen, hat op d'Zaldote vun der Wehrmacht sou ee groussen Androck gemaach, datt se de Fort nodeem se alles dran zerstéiert haten, wat de Géigner hätt kënne gebrauchen, mat hire Waffe konnte verloossen, an déi däitsch Truppen hate souguer en Éierespaléier gemaach.

1942 koum hien aus der Krichsgefaangeschaft erëm an d'Belsch, an huet sech direkt an der belscher Resistenz engagéiert.

Nom Krich gouf hie Colonel, a war de meeschten Zäit mat belsche Besatzungstruppen an Däitschland stationéiert.