Ouereschlëffer (Roman)
Ausgesinn
| Ouereschlëffer | |
|---|---|
| Auteur | Jemp Schuster |
| Erauskomm | 2021 |
| Verlag | Imprimerie Centrale |
| Sprooch | Lëtzebuergesch |
| ISBN-13 | 978-2-87978-228-7 |
|
| |
Ouereschlëffer - Et geet esou laang bis et duer geet ass en historesche Roman vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Jemp Schuster aus dem Joer 2021.
Et ass d'Fortsetzung vum Roman Bluttsëffer an domat den zweeten a leschten Deel vun enger Familljesaga, déi d'Geschicht iwwer 5 Generatioune bannent engem Joerhonnert, tëscht 1905 an 2005 am (fiktiven) Éisleker Duerf Grozeg erzielt.
Wourëms geet et am Roman?
[änneren | Quelltext änneren]Ouereschlëffer erzielt den Ënnergank vun enger Duerfkultur, tëschent de Joren 1952 an 2005. Déi ural Strukture verschwannen, d'Protagonisten aus der 4. a 5. Generatioun vun de Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum ginn aus der Baueregesellschaft vum 20. Joerhonnert an d'Globaliséierung vun den 2000er Jore katapultéiert ...
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jemp Schuster: Ouereschlëffer - Et geet esou laang bis et duer geet. Lëtzebuerg: Imprimerie centrale, 2021. ISBN 9978-2-87978-228-7.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fiche op autorenlexikon.lu.
