Père Blanc

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Père Blanc ass e Liqueur, deen zanter 1885 zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt.

De Père Blanc gëtt zesummegestallt aus engem Basisliqueur, dee mat Kraider a Gewierzer gemëscht gëtt. En huet en Alkoholgehalt vu 40 % an ass och d'Basisprodukt fir den Elixir de Mondorf an d'Liqueur d'Echternach, déi doraus entwéckelt goufen.[1]

D'Mark Liqueur des pères blancs gouf den 1. Dezember 1892 vum Charles Schmitt-Krombach, engem Industriellen zu Ettelbréck, déposéiert.[2]

Hautdesdaags gëtt de Père Blanc vun der Brennerei Pitz-Schweitzer vun Housen produzéiert, déi och d'Patent huet fir eng aner lëtzebuergesch Spezialitéit, de Maagbitter Buff, hierzestellen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Perséinlech Info vum Jacques Pitz
  2. Déposéiert ënner der Nummer 330 am Recueil officiel des maraues de fabrique et de commerce, Annexe du Mémorial, vum 31. Dezember 1892