Palace (Péiteng)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Palace war e fréiere Kino zu Péiteng an der Lëtzebuerger Strooss op No 22. D'Awunner hunn dee Kino "den ale" Kino genannt, well et, soulaang wéi e bestanen huet, deen eelsten am Duerf war.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich housch en Astoria Lichtspiele.

Wärend senge leschte Jore sinn zwar scho faarweg Filmer gelaf, ma dacks nëmme sougenannt Heemechtsfilmer "mat Niveau", franséisch Krimiproduktiounen oder musikalesch Verfilmungen aus dem internationalen Theater.

E puer Nimm vun Exploitanten, net der Rei no, an net alleguer!

ëm 1934: d'Famill Thinnes-Thillman,
ëm 1939: d'Madame Vve Bissen-Peffer,
ëm 1950: Här René Kimmel (beim Ketty),
ëm 1966: d'Famill Welter-Reiter.

Haut ass do kee Kino méi, mä en Appartementshaus mat ënnenan engem Café.