Palomar Planet Crossing Asteroid Survey

Vu Wikipedia

De Palomar Planet Crossing Asteroid Survey (PCAS) gouf 1973 vun der Eleanor F. Helin am Eugene M. Shoemaker an d'Liewe geruff. D'Resultat vum Programm ass d'Entdeckung vun ettlechen dausend Asteroiden vun allen Typpen. Abezunn ass och e groussen Deel vun Asteroiden déi d'Äerdbunn kräizen an 20 Koméiten. De PCAS huet ronn 25 Joer funktionéiert a gouf am Juni 1995 gestoppt. Et war de Virleefer vum JPL an deem vun der NASA bedriwwenen Near Earth Asteroid Tracking (NEAT) Projet.