Panelux

Vu Wikipedia
Panelux S.A.
Typ Aktiegesellschaft[1]
Sëtz Zone Industrielle Rothoicht, Rued-Sir, Lëtzebuerg
Mataarbechter 930 (2013)[2]
Branche Liewensmëttelindustrie
Produit Bäckereiprodukter
Homepage www.panelux.lu
www.fischer1913.lu

Panelux ass eng lëtzebuergesch Groussbäckerei zu Rued-Sir.

Si produzéiert Brout, Kaffiskichelcher a Pâtisserie, mä och halleffäerdeg oder déifgefruere Produkter, zum Deel fir aner Clienten, zum Deel, fir se iwwer hiert Filialnetz ("Fischer") ze verkafen. Et gëtt eng 80 Filiale vu Fischer, 12 dovun an den Nopeschlänner vu Lëtzebuerg.

D'Panelux gouf 1965 gegrënnt, an huet 1971 mat zwou anere Bäckereien, der Boulangerie industrielle de Gilsdorf S.A. anc. Joe Fischer, an der FAPRAL S.A. fusionéiert.[3]

Panelux beschäftegt ronn 1000 Leit, 450 dovun an der Produktioun, a verschafft pro Dag 110 Tonnen Deeg.

2007 louch hire Chiffre d'affaires bei 55 Mio Euro, iwwer 40% dovu gouf baussent Lëtzebuerg realiséiert.

De Jacques Linster war vun 1990 bis Enn 2013 Generaldirekter vu Panelux.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Panelux S.A. bei Paperjam Business zu Lëtzebuerg (gekuckt den 13. Mee 2015)
  2. Paperjam (online): «55% du chiffre à l'exportation» (7. Juni 2013)
  3. Den Historique vu Panelux op hirer Websäit Archivéiert op 2011-12-10. Gekuckt de(n) 2011-07-17.
  4. Lëtzebuerger Land (online): La famille (17. Januar 2014)