Paräisser Kanounen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Plattform fir eng Kanoun

Paräisser Kanounen (canons de Paris) ass den Numm dee verschidden Artillerie-Geschëtzer am Éischte Weltkrich kruten. Et ware Kanoune mat engem groussen Aktiounsradius, mat deenen déi däitsch Arméi tëscht Mäerz an August 1918 Paräis bombardéiert huet. Am Géigesaz zur allgemenger Meenung waren et déi Geschëtzer, déi mat hire Granaten déi franséisch Haaptstad beschoss hunn an net d'Déck Bertha, wéi et villfach geheescht huet.

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

  • Numm: Ferngeschütz (canon à longue portée), Paräisser Kanounen (canons de Paris)
  • Längt vum Rouer: 34 bis 36 m.
  • Kaliber: 210 mm an 240 mm (De Rouer war no 65 Schëss verbraucht)
  • Maximal Distanz: 108 km (130 km no gewësse Quellen)
  • Gewiicht: 750 Tonnen (mat der Schéissplattform)
  • Gewiicht vun der Granat: 103 kg
  • Explosiounsstoff: 145 kg
  • Maximal Initialvitesse: 1600 m/s

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. Mäerz 1918, ass e Geschoss matzen a Paräis, op der Place de la République, explodéiert, vu deem kee wousst wou et hir kéim. No deem Aschlag sinn der nach ongeféier 20 dee selwechten Dag zu Paräis explodéiert. Et huet sech dunn erausgestallt, datt déi däitsch Arméi déi Granate mat enger Batterie vun zwou Kanoune mat engem risege Wierkungsradius ofgeschoss hat. Si waren am Bësch vu Saint-Gobain bei Coucy-le-Château opgestallt. Haut ass nach déi grouss Bëtongsplattform, op déi d'Kanoune gestallt goufen, ze gesinn.

De Bombardement vu Paräis huet du bis August 1918 gedauert, an d'Positioun vun de Geschëtzer gouf e puermol gewiesselt. Am Ganzen hu se 367 Granaten ofgeschoss, 351 dovun op Paräis: 256 Persounen sinn dobäi ëmkomm (91 eleng an der Kierch Saint Gervais den 29. Mäerz 1918), 620 anerer si blesséiert ginn.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paräisser Kanounen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dës Säit inspiréiert sech un der franséischer Wikipedia: Pariser Kanonen