Saint-Gobain
Ausgesinn
| Saint-Gobain | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Typ | SA |
| Grënnungsdatum | 1665 |
| Grënner | Jean-Baptiste Colbert |
| Sëtz | La Défense, Courbevoie |
| Mataarbechter | 167.000 (2021) |
| Ëmsaz | 47.944.000.000 Euro |
| (2023) | |
| Branche |
Produktioun, Transformatioun an Distributioun vu Baumaterial an anerem Material fir d'Industrie |
| Homepage | saint-gobain.com |
|
| |
Saint-Gobain ass eng franséisch Firma, déi op d'Produktioun, d'Transformatioun an d'Verdeelung vu Material am Bau- an Industriesecteur spezialiséiert ass.
Si gouf 1665 vum franséische Staatsmann Jean-Baptiste Colbert (1619-1683) ënner dem Numm Manufacture royale des glaces gegrënnt an huet Spigele produzéiert.[1] 2021 war Saint-Gobain weltwäit a 70 Länner aktiv an hat 167.000 Mataarbechter.[2]
Zënter 2019 läit de Sëtz vun der Firma zu Courbevoie am Quartier La Défense, bei Paräis.[3].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ atlantico.fr: L'entreprise St Gobain, un héritage de Colbert qui définit encore aujourd'hui 350 ans plus tard le capitalisme à la française (21. August 2017)
- ↑ saint-gobain.com: Presentatioun vum Grupp Saint-Gobin (gekuckt de 26. August 2021)
- ↑ defense-92.fr: La tour vitrine de Saint-Gobain perce la skyline de La Défense (1. Oktober 2018)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Saint-Gobain – Biller, Videoen oder Audiodateien |
