Paul Feller (1709)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Paschtouer Paul Feller. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Paul Feller.
Paul Feller
Gebuer 4. September 1709
Gestuerwen 21. Februar 1788
Aktivitéit Paschtouer
Paul Feller (1709-1788)

De Paul Feller, gebuer de 4. September 1709 zu Simmer, gestuerwen den 21. Februar 1788 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.[1]

Hie krut 1733 d'Priisterwei a koum als Kaploun an d'Stater Niklos-Par (Nikloskierch), duerno gouf hie Paschtouer zu Näerzeng (1741) an dann an der Nikloskierch an der Stad (1743), wou hie 45 Joer laang,[2] bis zu sengem Doud, am Amt war.[1]

Säin Nofollger war de Jean-Baptiste Kaeuffer vun Iechternach.[1],[3]

De Paul Feller war den Neveu vum Paschtouer Antoine Feller.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 M. Faltz: Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg, einst und jetzt. 1.-3. Tausend. Luxemburg 1920, S. 57.
    G. Spedener: Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, S. 24.
  2. Liste nominative de tous les Curés qui ont été Préposés, depuis l'an 1500, à la paroisse de Saint-Nicolas et Sainte-Thérèse, à Luxembourg. Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg 1827, No. 4 (13 janvier), S. 3. [1]
  3. M. Blum, J. Zieser & A. Koenig: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg, 1930, S. 153.