Paul Willard Merrill

Vu Wikipedia
Paul Willard Merrill
Gebuer 15. August 1887
Minneapolis
Gestuerwen 19. Juli 1961
Los Angeles County
Nationalitéit USA
Educatioun Stanford University,
University of California
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society, National Academy of Sciences

De Paul Willard Merrill, gebuer de 15. August 1887 a gestuerwen den 19. Juli 1961 war en US-amerikaneschen Astronom.

De Merrill krut säin Doktertitel op der University of California am Joer 1913. Déi gréisst Zäit vu sengem beruffleche Liewen huet hien um Mount Wilson-Observatoire verbruecht. 1952 goung hien an d'Pensioun.

Säi Spezialgebitt war d'Spektroskopie. Domat huet hie besonnesch laangperiodesch verännerlech Stären an den interstellare Medium ënnersicht. Kuerz virun Enn vu senger berufflecher Karriär ass et him gelongen, den Technetium am verännerleche Stär R Andromedae an anere roude Verännerlecher z'entdecken. Well Technetium keng stabil Isotopen huet, huet et an all Stär wou et fonnt gouf, eréischt kierzlech musse produzéiert gi sinn. Domat konnt hien de Beweis vum S-Prozess vun der Nukleosynthese untrieden.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen

No him benannt

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie