Perseusaarm
De Perseusaarm ass e Spiralaarm vum Mëllechstroossesystem. Et ass dee nooste baussenzege Spiralaarm vum Orionaarm, an deem d'Sonnesystem läit an ass ongeféier 5000 Liichtjoer méi wäit vum Galaxiszentrum ewech wéi den Orionaarm. De Perseusaarm ass virun allem an der Géigend vum Stärebild Perseus ze gesinn an ass do ongeféier 41.000 Liichtjoer vum Galaxiszentrum ewech.
Am Joer 2005 war et enger internationaler Grupp vu Wëssenschaftlern gelongen, déi mat Ofstand geneeste Distanzbestëmmung fir d'Stäregenesisgebitt W3(OH) am Perseusaarm ze bestëmmen. Si konnten d'Distanz mat Triangulatioun mat Hëllef vum Very Long Baseline Array (VLBA) direkt moossen. Si ass 6357±130 Liichtjoer[1]. D'Miessung baséiert beim VLBA op enger Basislängt vun zirka 8000 km bei enger Radiofrequenz vun 12 GHz.
Messier-Objeten[änneren | Quelltext änneren]
Am Perseusaarm sinn follgend Messier-Objeten:
- De Krabbniwwel (M1)
- oppene Stärekoup M36
- oppene Stärekoup M37
- oppene Stärekoup M38
- oppene Stärekoup M52
- oppene Stärekoup M103