Pesch

Vu Wikipedia
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Pesch ass e Familljennumm, deen entweeder vu Päsch, enger ageperchter Wiss beim Haus, oder awer vun enger vun den Uertschaften an Nordrhäin-Westfalen, déi sou heeschen, hierkéim.[1]

1881 gouf et zu Lëtzebuerg 125 Leit mat deem Numm, 1930 waren et der 140 an 1981 der 109.[2]

Ënnert de Leit, déi sou heeschen oder geheescht hunn, sinn:

  • Carl August Pesch (1735–1793), en däitsche Violonist a Komponist.
  • Doro Pesch, och bekannt als Doro (* 1964), eng däitsch Rocksängerin.
  • Edmund Pesch (1903–1992), en däitsche Journalist.
  • Erhard Pesch (* 1941), en däitsche Vëlossportler.
  • Eugène Pesch (1908–1991), e lëtzebuergesche Sammler.
  • Franz Pesch (* 1947), en däitschen Architekt an Urbanist.
  • Hans-Jürgen Pesch (1935–2010), en däitsche Medezinner.
  • Hans-Wilhelm Pesch (* 1937), en däitsche Politiker (CDU).
  • Heinrich Pesch (1854–1925), en däitsche Jesuitt, Ekonomist a Sozialphilosoph.
  • Helmut W. Pesch (* 1952), en däitsche Schrëftsteller, Lecteur, Illustrator an Iwwersetzer.
  • Hilde Pesch (1899–1984), eng däitsch Infirmière a Politikerin.
  • Jean-Louis Pesch (* 1928), e franséische Comicszeechner.
  • John J. Pesch (1921–2010), en US-amerikanesche Generol a B-17-Pilot am Zweete Weltkrich.
  • Joseph Pesch (* 1947), e lëtzebuergesche Foussballspiller.
  • Karl Pesch (1889−1941), en däitsche Medezinner, Professer a Rassen- a Sozialhygieneker.
  • Léon Pesch, e lëtzebuergesche Schwëmmer.
  • Louis Pesch (1904–1959), e lëtzebuergesche Vëlossportler.
  • Marcel Pesch (1910–1985), e lëtzebuergesche Vëlossportler.
  • Nick Pesch (* 1974), en australesche Sportler (Australian Football).
  • Otto Pesch (1917–2007), en däitsche Journalist.
  • Otto Hermann Pesch (1931–2014), en däitsche kathouleschen Theolog.
  • Paul Pesch (1924–2010), en hollännesche Politiker.
  • Rudolf Pesch (1936–2011), en däitschen Historiker an Theolog.
  • Tilman Pesch (1836–1899), en däitsche Jesuitt a Philiosoph.
  • Wilhelm Pesch (1923–2013), en däitsche kathouleschen Theolog.
  • Willi Pesch (1907–1940), en däitsche Foussballspiller.
  • Winfried Pesch (1928–2006), en däitsche Komponist vu Kierchemusek.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche 'Pesch' am Luxemburgischer Familiennamenatlas, lfa.uni.lu.
  2. Institut Grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie: Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XVIII. Luxemburg 1989, S. 431.