Op den Inhalt sprangen

Petavius (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Petavius
Petavius mat der Rimae Petavius (Foto: Lunar Orbiter IV)
Koordinaten 25°23'24"S, 60°46'48"O
Duerchmiesser 184 km
Déift 3.330 m
Genannt no Denis Pétau
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21
Krater Petavius (lénks uewen) an Ëmgéigend (LROC-WAC)

De Petavius ass en Aschlagkrater um Äerdmound. E läit um südëstleche Rand vum Mare Fecunditatis, südlech vum Langrenus an nërdlech vum Furnerius. De Petavius ass mat iwwer 180 km Duerchmiesser e grousse Krater mat markantem, terrasséierte Rampli an engem Zentralbierg. E gehéiert zum Typ vum floor-fractured crater a gouf vum Peter H. Schultz der Klass I zougeleet.[1] D'Magma dat am Kraterzentrum eropkoum, huet en ettlech Rëss verursaacht, déi sougenannt Rimae Petavius oder Petavius-Rillen, e System vu Moundrille mat dräi opfällegen Haaptrillen.

Petavius Breedegrad Längegrad Duerchmiesser
A 26.0° S 61.6° E 5 km
B 19.9° S 57.1° E 33 km
C 27.7° S 60.1° E 11 km
D 24.0° S 64.4° E 17 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU nom franséische Jesuitt Denis Pétau genannt.

Portal Astronomie

Commons: Petavius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. P. H. Schultz: Floor-fractured lunar craters. In: The Moon. Bd. 15 (1976), S. 242