Floor-fractured crater

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Moundkrater Atlas mat Brochstrukture (Foto: Clementine-Sond)

Als Floor-fractured crater (lëtz.: Krater mat gebrachenem Budem, ofgekierzt FFC) bezeechnet een an der Astrogeologie eng speziell Uewerflächestruktur déi dann entsteet, wa bei engem Aschlagkrater Magma vun ënnen eropdréckt a sou d'Uewerfläch verännert. Doduerch entstinn da rillen- a brochaarteg Strukturen.

FFCen um Mound[änneren | Quelltext änneren]

Déi originell Strukturen a verschiddenen Äerdmoundkratere goufe scho fréi entdeckt. No den 1970er Jore gouf d'Theorie vertrueden, datt FFCen duerch vulkanesch Aktivitéit modifizéiert Aschlagkratere sinn. An engem Artikel vun 1976 klasséiert de Geolog Peter H. Schultz Kratere mat dëse Strukturen a 6 Klassen, ënnersicht hir raimlech Verdeelung an Ëmgéigend an erkläert d'Gebuert vun den FFCen am Zesummenhang mat der Bildung vun de Moundmierer.

FFC I: De Petavius mat de Rimae Petavius opgeholl vum Lunar Orbiter 4
FFC II: De Briggs opgeholl vum Lunar Orbiter 4
FFC III: De Gassendi opgeholl vun Apollo 16
FFC IV-A: De Bohnenberger opgeholl vum Lunar Orbiter 4
FFC IV-B: De Gaudibert opgeholl vum Lunar Orbiter 4
FFC V: De Repsold opgeholl vum Lunar Orbiter 4
FFC VI: De Pitatus opgeholl vum Lunar Orbiter 4

Déi vum Schultz agefouert Klasse sinn:

Klass I
Impaktkrater, déi relativ frësch ausgesinn, mat terrasséierte Ramplien, Zentralbierg an Ejektadecken, vum Typ hier wéi de Copernicus. Den Zentralbierg ass entweder e Rank mat eenzele Spëtzten, hallefmoundfërmeg oder den héchste Bierg huet en Abroch. De Kraterbuedem ass glat an huet Rillen, déi radial vum Zentralbierg no bausse verlafen, oder e System vu polygonale Rillen. Beispiller sinn: Atlas, Einstein A, Schlüter, Cardanius, Petavius, Humboldt a Lavoisier E
Klass II
Méi kleng Krateren als Klass I mat flaachen Hiwwelen am Zentrum, dacks als agefalen al Ramplistrukturen z'erkennen, duerchbrach vu radial verlafende Rillen oder enger polygonaler Brochzon ëmgi vu konzentresche Rillen. Zentralbierger si méi rar manner markéiert wéi an der Klass I, et gëtt och zentral Sanken. De Kraterrand huet eng profiléiert ofschësseg Stuf. Beispiller sinn: Encke, Davy, Briggs a Vitello.
Klass III
Kratere vun där Klass hunn e relativ breet Becken an der bannenzeger Säit vum Kraterrand. D'Becke bilt dacks keen zouene Rank an ass am beschten a Richtung op e Nopeschmare profiléiert. Bannenzeg vun der Sank ass de Kraterbuedem flaach, d'Grenz tëscht der Sank an dem flaache bannenzege Beräich kann och e Bierg sinn, wéi beim Krater Haldane. Dat Bannenzegt huet dacks polygonal Bréch, déi um Rand vun der Asenkung enden. Weider Beispiller fir déi Klass sinn: Gassendi, Posidonius, Doppelmayer, Lavoisier, Runge a Warner.
Klass IV
Klass V
Klass VI

FFCen op terrestresche Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

An der Tëschenzäit goufen FFCen net nëmmen um Äerdmound, mä och um Mars identifizéiert. Um Merkur konnten nach keng sécher Identifizéierunge gemaach ginn. Op der Venus an op der Äerd si wéinst den intensive geologesche Verännerungen net vill entspriechend Strukturen ze fannen.[1] Ëmmerhi ginn am Manicouagan-Krater a Kanada[2] an am Sudbury-Becken a Kanada[3] Strukture vun engem FFC gesinn. An der Tëschenzäit gëtt ugeholl, datt d'Genesis vun FFCen allgemeng zu der Fréiphas vun den terrestresche Planéien gehéiert, an där et engersäits vill aktiv magmatesch Groussprovënze gëtt an anerersäits Impakte vu grousse Kierper nach heefeg sinn.[4]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J. Korteniemi, M. Aittola, T. Öhman, J. Raitala: Floor-fractured craters on the terrestrial planets – the Martian perspective. 40th ESLAB, First International Conference on Impact Cratering in the Solar System, Proceedings. ESA Special Publication SP-612 2006, S. 193–198, PDF
  • Andrew J. Dombard, Jeffery J. Gillis: Testing the viability of topographic relaxation as a mechanism for the formation of lunar floor-fractured craters. In: Journal of Geophysical Research. Bd. 106 (2001), Ausg. E11, S. 27901-27910, online
  • R. W.Wichman, P. H. Schultz: Floor-fractured craters in Mare Smythii and west of Oceanus Procellarum: Implications of Crater Modification by Viscous Relaxation and Igneous Intrusion Models. In: Journal of Geophysical Research Bd. 100 (1995), Ausg. E10, S. 21201-21218, online
  • J. L. Hall, S. C. Solomon, J. W. Head: Lunar Floor-Fractured Craters: Evidence for Viscous Relaxation of Crater Topography. In: Lunar And Planetary Science XII (1981), S. 389-391, online
  • P. H. Schultz: Floor-fractured lunar craters. In: The Moon. Bd. 15 (1976), S. 241-273, online

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Korteniemi, et al.: Floor-fractured craters. 2006, S. 196
  2. D. L. Orphal, P. H. Schultz: An alternative model for the Manicouagan impact structure. In: 9th Lunar and Planetary Science Conference, Houston, Tex., March 13-17, 1978, Proceedings. Bd. 2, S. 2695-2712, online
  3. R. W. Wichman, P. H. Schultz: Floor-fractured crater models of the Sudbury Structure, Canada - Implications for initial crater size and crater modification. In: Meteoritics Bd. 28 (1993), Nr. 2, S. 222-231, online
  4. Korteniemi, et al.: Floor-fractured craters. 2006, S. 193