Peter Feist

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Peter Feist
Gebuer 1964
Educatioun Technesch Universitéit Chemnitz,
Universitéit Hohenheim
Aktivitéit Journalist

De Peter Feist, gebuer 1964, ass e Journalist[1].

Hien huet vun 1986 bis 1991 technesch Kybernetik op der TU Chemnitz an duerno, vun 1992 bis 1994, Journalismus a Kommunikatioun op der Universität Hohenheim zu Stuttgart studéiert.

Hie war fënnef Joer laang Redakter bei der lëtzebuergescher Wochenzeitung Gréngespoun ier en 1999 bei d'Lëtzebuerger Land goung wou hie sech haaptsächlech op sozial an ekologesch Sujeten spezialiséiert huet. Hie schreift ënner dem Kierzel (pf).

Zanter dem 15. Oktober 2020 ass hien, als Nofollger vun der Josée Hansen, Chefredakter vum Land[2].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Peter Feist. www.press.lu. Gekuckt de(n) 01.08.2020.
  2. Peter Feist neuer d'Lëtzebuerger Land-Chefredakteur. wort.lu (24.07.2020). Gekuckt de(n) 01.08.2020.