Peter Fleischmann
Ausgesinn
Peter Fleischmann | |
---|---|
Gebuer |
26. Juli 1937 Zweibrücken |
Gestuerwen |
11. August 2021 Potsdam |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Institut des hautes études cinématographiques |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmschauspiller |
Member vun | Deutsche Filmakademie |
De Peter Fleischmann, gebuer de 26. Juli 1937 zu Zweibrücken, a gestuerwen den 11. August 2021 zu Potsdam, war en däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Schauspiller.
De Peter Fleischmann huet um Deutschen Institut für Film und Fernsehen (DIFF) zu München an um Institut des hautes études cinématographiques (IDHEC) zu Paräis studéiert. Direkt mat sengem éischte Laangspillfilm Jagdszenen aus Niederbayern ass hie bei de Filmkritiker positiv opgefall.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]- 1957: Die Eintagsfliege, (Kuerzfilm)
- 1961: Geschichte einer Sandrose, (Kuerzfilm)
- 1962: Brot der Wüste, (Kuerzfilm)
- 1963: Begegnung mit Fritz Lang, (Kuerzfilm)
- 1964: Der Test, (Kuerzfilm)
- 1965: Alexander und das Auto ohne linken Scheinwerfer, (Kuerzfilm)
- 1967: Herbst der Gammler, (Dokumentarfilm)
- 1969: Jagdszenen aus Niederbayern, mam Martin Sperr an Angela Winkler
- 1972: Das Unheil, mam Vitus Zeplichal a Reinhard Kolldehoff
- 1974: Dorotheas Rache, mam Anna Henkel
- 1975: La faille, mam Michel Piccoli an Ugo Tognazzi
- 1976: Rückkehr nach Unholzing, (Kuerzfilm)
- 1979: Die Hamburger Krankheit, mam Helmut Griem a Fernando Arrabal
- 1984: Frevel, mam Peter Fleischmann a Balduin Baas
- 1987: Der Al Capone von der Pfalz, (Dokumentarfilm)
- 1989: Es ist nicht leicht ein Gott zu sein, mam Christine Kaufmann a Werner Herzog
- 1991: Deutschland, Deutschland, (Dokumentarfilm)
- 1994: Mein Onkel, der Winzer, (Dokumentarfilm TV)
- 2006: Mein Freund, der Mörder, (Dokumentarfilm)
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1967: Adolf-Grimme-Preis fir Herbst der Gammler
- 1969: Däitsche Filmpräis Filmband in Silber fir Jagdszenen aus Niederbayern