Peter Kohn

Vu Wikipedia
Peter Kohn
Gebuer 19. Januar 1862
Gestuerwen 23. Dezember 1934
Aktivitéit Moler

De Peter Kohn, gebuer den 19. Januar 1862 zu Gréiwemaacher an och do gestuerwen den 23. Dezember 1934, war e lëtzebuergesche Moler.

Iwwer de Peter Kohn gëtt et net vill biographesch Daten. Bei wiem hie säin éischten Zeechenunterrecht kritt huet oder ob hie sech autodidaktesch gebilt huet, ass net bekannt. Gewosst ass awer, datt hien als jonke Moler op Paräis gaangen ass, fir sech do op der Konschtakademie weiderzebilden. Säi Konschtstudium huet net laang gedauert, well hie sech finanziell net sou gutt gestan huet a well hien doheem huet misse fir seng Famill suergen. Säi Liewensënnerhalt huet hie sech als Usträicher an enger Maacher Usträicheschentreprise verdéngt. D'Molerei awer huet fir hien ëmmer eng ganz grouss Bedeitung behalen.

De Peter Kohn huet sech a senge Biller virun allem mat der Landschaft, Nature-morten an dem Portrait beschäftegt. Et ass alt emol virkomm, datt hie keng Toile méi hat, dann huet hie seng Motiver op Taartendeckele gemoolt, déi hie vun engem Frënd, dee Bäcker zu Maacher war, geschenkt krut.

Eent vu senge wichtegste Wierker waren d'Statioune vum Kräizwee an der Kapell um Kräizerberreg zu Gréiwemaacher. Mat der Zäit haten déi al Statiounen uerg gelidden, soudatt den neien Deche vun der Maacher Par, Nicolas Post, se wollt ersetzen. De Kiercherot huet am Joer 1886 e Concours fir nei Statiounsbiller ausgeschriwwen. Den Optrag ass un de Peter Kohn gaangen.

Weider Wierker vum Kënschtler sinn haut a Privatbesëtz, mä en Tableau soll och am Stadhaus vu Gréiwemaacher hänken.

Hie gouf "de Rubens" genannt, an och seng Kanner a Kandskanner kruten den Hausnumm "Rubens".