Diskussioun:Peter Kohn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

... mä en Tableau soll och am Stadhaus vu Gréiwemaacher hänken.

Dat misst jo awer erauszefanne sinn, op en do hänkt oder net. --Les Meloures (Diskussioun) 18:56, 23. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

"genannt "De Rubens" vu Gréiwemaacher..."

Wou, resp. vu weem gëtt en esou genannt? Ech gleef kaum, dat wier e feststehende Begrëff... --Zinneke (Diskussioun) 00:38, 24. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Et wier gutt, wann den Artikel oder d'Buch, op déi sech den Text baséiert, an der Rubrik "Literatur” (déi feelt) géif zitéiert ginn. --Jamcelsus (Diskussioun) 11:12, 24. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Thema Peter Kohn[Quelltext änneren]

Dir hutt ganz recht. Iwer d'Persoun vum Peter Kohn gët et nach villes ze recherchéieren. Ech sinn do drun. Zu Äreren Remarquen: All d'Memberen vun der Famill Kohn, besser d'Nokommen vum Peter Kohn, sinn d'"Rubensen" genannt ginn, ech selwer och. Ech sinn nämléch Rubensen Hein säint (esou son se zu Maacher), also d'Duechter vum Henri Kohn, deen och op der Künstler-Lëscht steet. Leider liewt mäi Papp nët méi, esou datt d'Recherchéieren nët einfach ass. Ech hoffen awer, an nächster Zäit e bësschen méi eraus ze fannen.

Edmée Kohn

Villmools Merci fir dës Eplikatiounen! Ech setzen dat mat deem Hausnumm "Rubens" emol an den Artikel. Dir kënnt den Artikel naterlech allzäit aktualiséieren. Wéi gesot, wann Der iergendwellech geschriwwe Quellen hutt, gitt déi roueg un. An absëns wier et intressant, dat eent oder anert Bild vun him (zB an der Kräizbierkapell) anzebannen. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 13:02, 24. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]