Philippe Schockweiler

Vu Wikipedia
Philippe Schockweiler
Gebuer 19. Dezember 1985
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Philippe Schockweiler, gebuer den 19. Dezember 1985 an der Stad Lëtzebuerg, studéiert Geschicht an Anglistik op der Universitéit Tréier.

Zanter 2006 ass hie Member vum Exekutivkommitee vun déi gréng a war vun 2006 bis 2011 Spriecher vun déi jonk gréng. Hien ass och an der Mënscherechts- an Antiatombeweegung engagéiert. Op sengem Blog "Good Night, and Good Luck!" fokusséiert hie sech op d'Opaarbechte vun den Atomkatastrophe vu Fukushima an Tschernobyl.

Zanter 2012 ass hien am Kommitee vun den Europäesche Jonke Gréngen, FYEG.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Philippe Schockweiler in den Vorstand der Europäischen Grünen Jugend gewählt