Philippinnenaadler
Ausgesinn
Philippinnenaadler | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Philippinnenaadler | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Pithecophaga jefferyi „Ogilvie-Grant“ 1896 |
De Philippinnenaadler, Pithecophaga jefferyi, huet fréier an de Bëscher an de Bierger op den Insele vun de Philippinnen gelieft, bis zu enger Héicht vun 1200 Meter. Haut ass en nach just op Mindanao, op Luzon, Leyte a Samar ze fannen.
Säi Kapp ass mat laange Plomme garnéiert, déi wéi eng Kroun opgeriicht kënne ginn. Säi Schniewel ass héich an op de Säite ofgeflaacht. Um Réck huet e schwaarz Plommen an um Bauch wäisser, mat donkele Sträifen. De Schwanz ass käschtebrong, an d'Féiss a Been si giel mat schwaarzen Krallen. De Männchen an d'Weibche gläiche sech. Si si bis 100 cm laang an e Flillek huet 60 cm. Si kréien e Gewicht bis zu 4,5 Kilo.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Philippinnenadler op der "falke-journal" Websäit (de)
- De Philippinnenaadler op der "Rouder Lëscht" vun der IUCN (en)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pithecophaga jefferyi – Biller, Videoen oder Audiodateien |