Pierre Funck (Museker)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Museker Pierre Funck. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Funck. |
Pierre Funck | |
---|---|
Gebuer | 14. September 1963 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
De Prof. Dr. Pierre Funck, gebuer de 14. September 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker.
No engem ofgeschlossene Chimiesstudium huet hie Gesank beim Professer Richard Wistreich, historesch Musekstheorie a Kompositioun beim Martin Lubenow an dem Professer Norbert Fröhlich zu Trossingen a Baden-Württemberg studéiert.
Zanter 2001 gëtt hie Coursen a Musekstheorie um Institut für Alte Musik op der Staatliche Hochschule für Musik zu Trossingen. Hien ass Matgrënner vun zwéi Gesanksensembelen, dem Ensembel Hofkapelle an dem Peñalosa-Ensembel, déi allen zwéin op Musek aus der Renaissance-Zäit spezialiséiert sinn. Hien ass och Member vum Ensembel Le Chant sur le Livre, dat sech mat der Improvisatiounspraxis vun der Renaissancemusek beschäftegt.
Zanter 2007 schafft hien och als Filmmusekskomponist.