Op den Inhalt sprangen

Pierre Goedert

Vu Wikipedia
Pierre Goedert
Gebuer 9. Abrëll 1877
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 31. Mäerz 1945
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Pierre Goedert, gebuer de 9. Abrëll 1877 zu Esch-Uelzecht, an och do den 31. Mäerz 1945 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1]

De Pierre Goedert huet mat 13 Joer ugefaangen op der Schmelz[Wou ?] ze schaffen, wou e sech bis zum Chef de service a Fondé de Pouvoir op Esch-Belval eropgeschafft huet.

Bei de Gemengerotswale vum 12. Oktober 1924 gouf hien eng éischt Kéier op der Lëscht vun der Rietspartei an de Gemengerot vun der Stad Esch gewielt. Vum 24. Dezember 1924 bis de 15. Januar 1926 war hie Schäffen. 1934 gouf hien net méi erëmgewielt, ma ass 1938 fir de verstuerwenen Henri Origer nogeréckelt. 1941 huet déi däitsch Zivilverwaltung d'Rudder vun der Gemengpolitik iwwerholl. 1945 war de Pierre Goedert bei der éischter Sëtzung no der Liberatioun, den 9. Januar, mat derbei; hien ass kuerz drop, den 31. Mäerz dat <Joer, gestuerwen.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 19. Dezember 1966 decidéiert, eng nei Strooss am Quartier Wobrécken no him ze nennen.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.99.