Pimpernell
Ausgesinn
|
Illustratioun | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Magnoliopsida |
| Uerdnung | Rosales |
| Famill | Rouseplanzen |
| Ënnerfamill | Rosoideae |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Sanguisorba minor | |
| L. | |
|
| |
D'Pimpernell (Sanguisorba minor) ass eng Planzenaart bannent der Famill vun de Rosaceae.
Se wiisst op sonnege Plazen, an huet dréchenen, kallekhaltegen, labberen a moere Leembuedem gär.
Et handelt sech ëm eng méijäreg, krauteg Planz, déi 20 bis 100 Zentimeter héich ka ginn. De Still ass riicht, an d'Blieder sinn ongerued gefiedert, mat 3 bis 12 Puer Fiederblieder, déi 0,5 bis 2 Zentimeter grouss an eefërmeg bis elliptesch sinn, a kleng Zacken hunn.
D'Bléie wueesen op enger Knupp uewen um Still, aus där ënnen déi männlech an uewen déi weiblech Bléien erauskommen. Déi leschtgenannt si roudelzeg a bestinn aus dënne pinselfërmegen Nuewen. Déi männlech hu kleng Kluddere mat Bléiestëbs.
D'Friichte sinn Nëssercher.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sanguisorba minor – Biller, Videoen oder Audiodateien |

