Pit Leyder
Pit Leyder | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
11. Januar 1997 Bettenduerf |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Veräin/Ekipp |
Leopard Pro Cycling, Cofidis 2019 |
De Pit Leyder, gebuer den 11. Januar 1997 zu Lëtzebuerg ass e fréiere lëtzebuergesche Vëlossportler.
Nodeems hien am Tour de Luxembourg 2019 an der leschter Etapp als drëtten iwwer d'Arrivée gefuer ass, huet hie mat just 22 Joer e Schlussstréch ënner seng Carrière gesat. Hien ass fir d'lescht als Stagiaire fir d'Ekipp Cofidis gefuer.
Palmarès[änneren | Quelltext änneren]
- 2015
- 1. am Generalklassement vum Tour des Portes du Pays d'Othe
- 3. an der Landesmeeschterschaft vun de Junioren am Contre-la-montre
- 3. an der Landesmeeschterschaft vun de Junioren an der Course op der Strooss
- 10. op der Weltmeeschterschaft vun de Junioren an der Course op der Strooss
- 2017
1. an der Course op der Strooss bei de Spiller vun de klenge Länner
- 2018
- 8. an der Flèche du Sud
- 3. am Tour de Luxembourg
- 2019
- 3. op der leschter Etapp vum Tour de Luxembourg
- 3. an der Landesmeeschterschaft an der Course op der Strooss
- 2. an der Landesmeeschterschaft vun den Espoiren am Contre-la-montre
- 2. an der Landesmeeschterschaft vun den Espoiren an der Course op der Strooss