Pletschette

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pletschterhaff)
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pletschette
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Pletschette
de: Pletschette
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Ärenzdall
Buergermeeschter Bob Bintz
Koordinaten 49° 49’ 09’’ N
      06° 15’ 48’’ O

Pletschette gehéiert zu der Ärenzdallgemeng.

Op Pletschette kënnt ee vum Chemin repris 356 aus. Well Pletschette am Fong nëmmen aus engem Bauerenhaff besteet, bei deen 2007 zwee Wunnhaiser bäigebaut goufen, ass et um Stroosseschëld als Pletschterhaff gezeechent.

Um Haff selwer sti bannent de Maueren e grousst Bauerenhaus, d'Geställs, Scheieren an eng Kapell.

De 14. September 2018 goufen d'Wunnhaus an déi landwirtschaflech Niewegebaier vum Haff Pletschette als nationaalt Monument klasséiert[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1823 huet Pletschette zu der Gemeng Beefort gehéiert, a koum du bei Gemeng Miedernach a schliisslech no der Gemengefusioun vun 2012 an d'Ärenzdallgemeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Haff steet op enger Héicht vun 362 Meter op engem Ausleefer vum Plateau vu Suewelbuer, tëscht zwou Griechten.

D'Griecht am Südosten ass déi vum ieweschte Laf vun der Halerbaach, déi vum Kelleschhaff kënnt. Déi am Norden ass déi wou d' Siwebaach derduercht leeft, déi eng Niewebaach vun der Halerbaach ass. Déi Griecht zitt sech duerch de südleche Bord vum grousse Bëschmassiv Bouchwald.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).