Poison (Film 2023)

Vu Wikipedia
Poison
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Holland
Vereenegt Kinnekräich
Produktiounsjoer 2021-2022
Première 2022
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Désirée Nosbusch
Dréibuch Lot Vekemans
Fotografie Judith Kaufmann
Produzent Alexandra Hoesdorff
Produktiouns-
gesellschaft
Deal Productions
Schauspiller
Tim Roth
Trine Dyrholm
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Poison ass e Film vun der lëtzebuergescher Schauspillerin a Filmregisseurin Désirée Nosbusch. En ass aktuell a Postproduktioun a soll 2024 an de Kino kommen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film erzielt en Treffen tëscht engem Mann an enger Fra, zéng Joer nodeem hiert Kand bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum. Déi Renconter ass um Kierfecht, kuerz éier dem Jong säi Kierper soll exhuméiert ginn, well am Buedem, an deem hie begruewen ass, Gëftstoffer sinn.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Poison ass inspiréiert vum Theaterstéck mam selwechten Numm vun der hollännescher Dramatikerin Lot Vekemans. D'Regisseurin Désirée Nosbusch hat 2014 am Kasemattentheater d'Roll vun der Mamm Edit gespillt, zesumme mam Germain Wagner als Papp.[1][2] Kuerz drop huet si sech mat der Lot Vekemans getraff, déi der Désirée Nosbusch den Accord ginn huet, d'Stéck ze verfilmen wa si selwer d'Dréibuch kéint schreiwen.[2]

Bis zum Enn vun den Dréiaabrechte sollte méi wéi aacht Joer vergoen. Den Ufank vun den Dréiaarbechte war ursprénglech fir den August 2021 geplangt,[1] mee goufe verluecht a waren tëscht dem 31. Januar an dem 3. Mäerz 2022. Déi éischt Woch gouf an Holland gedréint, de Resch dunn zu Lëtzebuerg, dorënner um Kierfecht vu Veianen.[2][3]

D'Haaptrolle goufe vum Englänner Tim Roth an der Dänin Trine Dyrholm gespillt.

De Budget louch bei 4 Milliounen Euro. De Film ass eng Koproduktioun tëscht der lëtzebuergescher Filmgesellschaft Deal Productions, déi 73% vum Budget bäigedroen huet, der hollännescher Phanta Film (17%) an der englescher Filial vum däitsche Studio Hamburg (10%).[1] Deal Productions krut eng Produktiounshëllef vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 2,7 Milliounen Euro.[4] De Film krut och e Subside vum hollännesche Filmfong.[2][3]

Am Kader vum Owend 3'52" max – Upcoming Titles vum LuxFilmFest 2021 gouf de Film eng éischt Kéier virgestallt. D'Zil vun deem Evenement war et, de Film viru Vertrieder vum Festival an internationale Filmdistributeuren ze presentéieren.[5]

De Film sollt 2023 an de Kino kommen.[6]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 cineuropa.org: Désirée Nosbusch prepares Poison, her first fiction feature film as director vum Guilhem Caillard (26. Februar 2021)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 blickpunktfilm.de: Désirée Nosbusch gibt ihr Regiedebüt: "Weil ich es machen muss" vum Thomas Schultze (10. Mäer 2022)
  3. 3,0 3,1 chronicle.lu: Désirée Nosbusch’s Drama 'Poison' Wraps Production in Luxembourg vum JCA (19. Mäerz 2022)
  4. Rapport Annuel 2021 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 15
  5. paperjam.lu: «Poison», le premier long métrage réalisé par Désirée Nosbusch vum Céline Coubray (9. Mäerz 2021)
  6. Fiche op dealproductions.com (gekuckt 2023-03-31)