Op den Inhalt sprangen

Bréck vu Ben-Ahin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pont Père-Pire)
Pylone vun der Bréck vu Ben-Ahin

D'Bréck vu Ben-Ahin och nach Pont Père Pire ass eng Bréck iwwer d'Meuse an der Gemengesektioun Ben-Ahin zu Huy an der belscher Provënz Léck.

Et ass eng Schréiseelbréck, (gemëschte Bëschel an Harfeform), déi no engem besonnesche System gebaut gouf. D'Bréck hänkt an engem ëmgedréinten Y-Pylone deen um lénksen Uwänner vun der Meuse steet. Si gouf komplett do parallel zum Floss opgeriicht, a wéi se fäerdeg war, gouf se duerch Rotatioun vum Pilier iwwer de Waasserlaf gedréint. Et ass och eng vun de wéinege Brécken déi eng Opfaart an der Mëtt vun engem Feld huet.

D'Bréck gouf tëscht 1985 an 1987 gebaut an den 18. September 1987 duerch Rotatioun vum Pylone op seng Plaz gedréint.

Si krut den Numm Pont Père Pire als Ërennerung un den Dominikaner-Pater Dominique Pire och Père Pire genannt.

D'Bréck steet um Flosskilometer 74,468 an hir Nopeschbrécke sinn d'Bréck vun Andenne flossop, an de Pont de Fer flossof.

Technesch Detailer

[änneren | Quelltext änneren]
  • Bauverfahren: Verdréiung ëm déi eegen Achs
  • Tablier: Den Tablier ass aus virgespaantem Bëtong
    • Héicht iwwer alles: 2.90 m
    • Breet iwwer alles: 21.80 m
  • Moossen
    • Gréisst Drowäit: 168 m
    • Total Längt: 341 m
    • Feldwäiten: 3 x 42 m - 168 m - 42 m
  • Kabelen: 40 Stéck
  • Héicht vum Pylone: 93.50 m
Commons: Bréck vu Ben-Ahin – Biller, Videoen oder Audiodateien