Ben-Ahin

Vu Wikipedia
Ben-Ahin
Ahin1.jpg
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Liège.svg Léck
Arrondissement Huy
Gemeng Huy wapen.svg Huy
Fläch 2.421
Koordinaten 50° 30’ 03’’ N
      06° 11’ 02’’ O
Telefonszon 085
Postcode 4500

Ben-Ahin ass eng vun den ale belsche Gemengen an der Provënz Léck.

Zanter der belscher Gemengereform vu 1977 ass Ben Ahin eng Sektioun vun der Gemeng Huy.

D'Gemeng krut den Numm duerch zwou Uertschaften déi an der Gemeng louchen: Ben an Ahin.

Am Ganzen huet Ben-Ahin aus 5 Dierfer bestanen:
Ahin a Ben an eng grouss Parti vu Gives déi allen dräi am Dall laanscht d'Meuse leien, tëscht Huy an Andenne.
Saint-Léonard a Solières, zwee Bauerendierfer déi op den Héichte leien.
Ben-Ahin läit um rietsen Uwänner vun der Meuse a südwestlech vu Huy.

Duerch Ben-Ahin leeft de Ruisseau de Soliéres.

D'Gemeng ass un de Verkéier ugeschloss duerch d'Nationalstrooss N 90 déi vun Namur op Léck geet, an d'Nationalstrooss N 698 déi vu Huy op Ohey geet.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Sur-les-Trixes Bas-Oha a Wanze Huy
Gives Compass card (de).svg Saint-Léonard
Bohissaut Perwez Marchin

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Panorama vun Ahin

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ben-Ahin – Biller, Videoen oder Audiodateien