Op den Inhalt sprangen

PostMusée

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
E Guichet vun 1912

De PostMusée ass e Musée am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg, an deem d'Geschicht vun der Post an der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg haaptsächlech unhand vun historeschen Exponate gewise gëtt.

E gëtt vun der Post Luxembourg bedriwwen, an ass am Keller vum Accinautosgebai op der Garer Plaz, Eck Rue d'Épernay, ageriicht.

Den Entrée ass gratis. Visitte ginn nëmmen op Rendez-vous organiséiert[1].

D'Sammlung setzt sech graff aus dräi Domainen zesummen:

  • Telekommunikatioun: Ausgestallt sinn al Telefons- a soss seele Kommunikationsapparater, wéi z. B. e Morseapparat, eng manuell an eng elektromechanesch Telefonzentral an d'Rekonstruktioun vun engem Schantje mat Telefonsleitungen.
  • Postwiesen: Hei stinn eng Postkutsch vun 1880, an en Original-Postguichet vun 1912 an e Büro vun enger Poststatioun. Ausserdeem sinn do all Timberen ze gesinn, déi zënter 1852 zu Lëtzebuerg erauskomm sinn, sou wéi och al Drockplacke vu verschiddenen Timbersbéi, an och soss Uniformen a Geschier aus dem Postbetrib.
  • Postscheck: Ze gesi sinn al Objeten an Apparaten aus den Ufanksjore vum Postscheck.
Commons: Musée des Postes et Télécommunications – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Informatioun op der Websäit Das Postmuseum op postgroup.lu, gekuckt den 19. August 2018