Pride and Prejudice

Vu Wikipedia

Pride and Prejudice ass e Roman vun der englescher Schrëftstellerin Jane Austen.

Ënner dem Titel First Impressions gouf de Roman tëscht Oktober 1796 an August 1797 geschriwwen. Erauskomm ass d'Buch 1813 an enger éischter Oplo vun 1.500, déi direkt ausverkaf waren. A Frankräich koum d'Buch ënner dem Titel Orgueil et Préjugé 1822 an 1832 hat Pride and Prejudice et och bis iwwer den Atlantik gepackt a koum an den USA op de Maart.

Ëm wat geet et am Buch ?[änneren | Quelltext änneren]

Am Roman Pride and Prejudice geet et haaptsächlech ëm d'Bestietnes am fréien 19. Joerhonnert. D'Haaptfigur vum Buch ass d'Elizabeth Bennet, 21 Joer jonk, intelligent, schéin an net op de Mond gefall. Hire Papp, de Mr. Bennet, verbréngt déi meescht Zäit a senger Bibliothéik, virun allem fir datt en net muss mat senger Fra, der Mrs. Bennet schwätzen. D'Mrs. Bennet huet virun allem eng Suerg, an zwar datt hir fënnef Diechter gutt bestuet ginn an net spéider op der Strooss sëtze mussen. D'Land vun de Bennets geet nämlech nom Doud vum Mr. Bennet un de Koseng vun der Famill, well de Mr. Bennet selwer kee männlechen Nokommen huet. Dëse Koseng, de Mr. Collins, ass um Elizabeth intresséiert, mä dat ass awer net géigesäiteg, soudatt fir d'Mamm all Hoffnung verluer ass, datt d'Land an hirer Famill bleift.

De Stot ass ganz aus dem Haischen, wéi e gewuer gëtt datt e räiche jonken Adlege sech an der Noperschaft néierloosse wëll. Dëse Mr. Bingley weist och Interessi um Jane, der eelster vun de fënnef Bingley Duechteren, mä wéi sou dacks huet dëst en Hoken. Dem Mr. Bingley säi beschte Frënd, de Mr. Darcy, ass en houfregen, arroganten Adlegen, deen et net fir néideg fënnt, sech mat den anere Leit vum Land opzehalen. Hien an d'Elizabeth si sech vun Ufank un onsympathesch. De Mr. Darcy kritt dann och de Mr. Bingley iwwerzeegt, datt d'Jane keng gutt Partie ass, an zesumme fuere si zeréck an d'Stad. Datt dat dem Elizabeth säi Bild vum Darcy nëmmen nach verschlëmmert, ass kloer. Mä Virurteeler komme jo bekanntlech vun Onwëssen a sou ka sech d'Lizzy nach op eng Iwwerraschung gefaasst maachen, déi sech gewäsch huet.

Zitater[änneren | Quelltext änneren]

  • It is a truth universally acknowledged, that a single man in possession of a good fortune, must be in want of a wife. (Éischte Saz aus dem Buch)
  • She is tolerable; but not handsome enough to tempt me; and I am in no humour at present to give consequence to young ladies who are slighted by other men. (Dem Mr. Darcy säin éischten Androck vum Elizabeth)

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Fergus, Jan: Jane Austen, a Literary Life, Macmillan, 1991.
  • Honan, Park: Jane Austen: Her Life, Weidenfeld and Nicolson, 1987.
  • Kelly, Gary: English Fiction of the Romantic Period 1789-1830, Longman, 1989.
  • Sutherland, John: Who betrays Elizabeth Bennet, Oxford University Press, 1999.

Verfilmungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource: Pride and Prejudice – Quellentexter
Wikiquote: Pride and Prejudice – Zitater


Commons: Pride and Prejudice – Biller, Videoen oder Audiodateien