Provënz Cuanza Sul

Vu Wikipedia
D'Provënz Cuanza Sul (rout) an Angola

D'Provënz Cuanza Sul, och nach Kwanza Sul geschriwwen, ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Weste vum Land nieft dem Atlanteschen Ozean an huet eng Fläch vu 55.660 km².[1]

Der Vollekszielung 2014 no hat si 1.793.787 Awunner, wat 7,4% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]

D'Haaptstad vun der Provënz ass Sumbe.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. angolamarket.com: Kwanza Sul (22. Dezember 2012)
  2. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden hei