Purpurmagnolia
Ausgesinn
|
Bléi vun enger Purpurmagnolia | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Magnoliopsida |
| Uerdnung | Magnoliales |
| Famill | Magnolieplanzen |
| Gattung | Magnolien |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Magnolia liliiflora | |
| Desr. | |
|
| |
D'Purpurmagnolia (Magnolia liliiflora) ass e klengen Trausch aus der Famill vun de Magnolieplanzen (Magnoliaceae). E kënnt aus China, an et ass eng Planz déi am Wanter hir Blieder verléiert.
Seng Blieder hunn eng oval bis elliptesch Form, sinn donkelgréng, an 10 – 20 cm laang. E bléit vun Abrëll bis Juli, an d'Bléieblieder si 5 –7 cm laang, a rosa bis purpurrout.
Den Trausch gëtt tëscht 3 a 5 Meter héich, a bis 4 m breet.

