Pyramid vum Kukulcán

Vu Wikipedia
Vue Richtung Nordwesten
de Schiet wärend der Equinox
Kapp vun der Schlaang mat Plommen, un der Basis

D'Pyramid vum Kukulcán (Kukulcán ass d'Maya-Wuert fir Quetzalcoatl) ass eng Tempelpyramid, déi an der Ruinestad Chichén Itzá am Norde vun der Hallefinsel Yucatán a Mexiko steet. Op Spuenesch gëtt se dacks El Castillo ("d'Buerg", "d'Festung") genannt.

D'Pyramid ass 30 m héich, an op der Basis ass eng Säit 55 m laang. Si besteet aus 9 "Stäck".

Bannen am Tempelgebai ass e klenge quadratesche Raum, an deen een duerch eng breet Entrée mat zwou Sailen an der Form vu Schlaangen erakënnt.

Dat bannescht Gebai an der Pyramid ass méi al, déi méi nei gouf driwwergebaut.

Hiren Alter gëtt op iwwer dausend Joer geschat; se gouf tëscht 660 an 1050 gebaut.

Zweemol am Joer kann ee wärend der Equinoxe (20./21. Mäerz an 22./23. September), op der Nordsäit vum Gebai den natierleche Spektakel vun der "Schlaang mat Plommen" observéieren: De Schiet vun de Säite vun der Pyramid fält dann op d'Säitemauer vun der Trap, sou datt et ausgesäit wéi wann do eng Schlaang erofkrauche géif.

Haut däerf een net méi op d'Pyramid klammen oder an de fréieren Tempel eragoen. Si ass zënter 1988, wéi och de Rescht vun Chichén Itza, op der Unesco-Lëscht vun de Kultur-Weltierwen agedroen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pyramid vum Kukulcán – Biller, Videoen oder Audiodateien