Questar 3.5" Teleskop

Vu Wikipedia

De Questar 3.5" Teleskop ass ee Maksutov-Cassegrain-Teleskop dat vun der Questar Corporation mat Sëtz zu New Hope, Pennsylvania vun 1954 bis 2000 hiergestallt gouf.

Questar 3 ½”
Questar-Montéierung

Questar 3.5" (Spezifikatioun vun 1961 un)[änneren | Quelltext änneren]

Dat fir Amateurastronomen hiergestallt Questar 3.5" Standard-Teleskop hat eng fräi Ëffnung vun 88,9 mm, wat bei enger Brennwäit vun 1280 mm en Ëffnungsverhältnes vun ergëtt. Dat hënnescht Enn vum Tubus ass duerch e Gehäis ofgeschloss, dodra sinn d'Fokus-Stellschrauf, de Zenitprisma, den Okulardréier, d'Barlowlëns, de Sicher an d'Uwendungselementer. Hannen um Gehais kann e Kameraadapter fir Fokalfotografie ubruecht ginn. Als Bäilag gehéiert nach een op d'Objektiv opschraufbare Sonnefilter. Zousätzlech ass de QMax, ee vu Questar produzéierte Sonnespektrometer op Lager.

De Zenitprisma léisst sech säitlech verréckele fir de Stralegank fir de vertikal agebaute Sicher an d'Fokalfotografie fräizeginn. De Sicher huet eng Brennwäit vun 100 mm, mat dem agesate 24 mm Okular ergëtt dat eng 4-fach Vergréisserung. Den Objet deen observéiert gëtt, gëtt iwwer een ënner dem Gehais festgemaachtene 45°-Spigel erfaasst. Deee ka mat engem zouschaltbare Sonnefilter ofgeblent ginn. Déi iwwer dem Zenitprisma zouschaltbar Barlowlëns erhéicht d'Brennwäit a Vergréisserung ëm dat 1,7-facht. D'Streeliichtblend, déi och als Daschutzhüls déngt, kann een um Tubus verréckelen .

Questar-Sonnefilter, Brandon Okulare

D'Questar-Brandon Okularen (Typ Plössl modifizéiert, Brennwäit 6 / 8 / 12 / 16 / 24 / 32 mm), Duerchmiesser 1¼ Zoll hunn e Gewënn. 1¼ Zoll (31,75 mm)-Okulare vun anere Produzente souwéi 2 Zoll Okulare kënnen net gebraucht ginn.

Den Tubus ass op enger Gafelmontéierung aus Aluminium gelagert. Déi kann azimutal gebraucht ginn. Si kann awer och mat den Zousazdeeler parallaktesch bedriwwe ginn. Fir d'Noféierung déngt en Elektromotor vun 12, 110 oder 220 Volt. Fir héich Uspréch, besonnesch fir d'Fotograféieren huet de Questar och eng Polhéichtewéi inklusiv Stativ an der Offerte.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Um ziville Maart gouf de Questar 3.5" a follgende Varianten ugebueden:

  • 3.5" Questar Standard, wéi uewe beschriwwen. Am Joer 2000 goufen 250 Commemorativ-Modeller vun dësem Typ ugebueden.
  • 3.5" Field Model Questar, nëmmen Tubus.
  • 3.5" Questar Duplex. Tubus ouni Geschier vun der Gafelmontéierung demontéierbar zum Opsetzen op Däitsch Montéierungen.
  • 3.5" Questar Birder. Modifizéiert Feld-Modell, ouni agravéiert Kaarten um Tubus, fest agestallten 10-fach Sicher, fir d'Observatioun vu Vigel an Déieren.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Obschonn d'Produktioun vu Questar 3.5" Teleskope fir de private Maart bestëmmt war, goufe si och vun der US-amerikanescher Loft- a Raumfaartagentur NASA fir de Gemini-Programm (Äerdfotoen) wéi och am Apollo-Programm bei Moundfotoen agesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]