Réimecher Kannerheem

Vu Wikipedia
Réimecher Kannerheem
Demolitioun vum fréiere Kannerheem (2019)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Réimech
Koordinaten 49°32'47,2"N, 6°22'19,8"O

D'Réimecher Kannerheem war ursprénglech en Erhuelungs- a Vakanzenhaus fir Kanner zu Réimech.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1931 hunn d'Elisabetherinner-Schwësteren d'Heem tëscht der Esplanade an dem Wenkel zu Réimech gegrënnt. Wärend dem Krich gouf et vun der nationalsozialistescher Wohlfahrt ënner däitscher Féierung benotzt.

D'Gebai krut nom Krich seng Funktioun als Kannerheem nees zeréck, ier et vun 1968 un vum Institut Saint-Joseph als Vakanzenheem mat spezialpedagogesche Course gebraucht gouf.

1972 gouf en neit Gebai derbäi gebaut wouraus de Foyer Ste-Elisabeth fir ronn 25 Frae mat enger Behënnerung entstanen ass. Fënnef Joer méi spéit war och den zweeten Deel vum Ubau fäerdeg an et konnten nach eng Kéier 25 Frae vu Betzder op Réimech plënneren.

Am Joer 2001 gouf de Komplex nach eng Kéier ëmgedeeft an huet vun do un Réimecher Heem geheescht, dee vun der Yolande asbl geréiert gouf. Mat der Grënnung vun der Kooperativ Yolande Coop am Joer 2006 sinn Ateliere fir behënnert Mataarbechter entstanen. Ënner anerem gouf e Bakatelier „Klouschterbrout“ opgemaach, dee bis am Dezember 2012 do funktionéiert huet.

Nodeems den Immobiliekomplex verkaaft gouf, sinn d'Awunner vum Réimecher Heem 2013 op Munneref geplënnert, wou en neit Heem gebaut gi war.

Uganks 2019 gouf ugefaangen déi historesch Gebaier ofzerappe fir an de Joren duerno en Immobilieprojet mat 26 Appartementer a sechs Eefamilljenhaiser ze realiséieren. Déi fréier Kapell vum Heem soll awer erhale bleiwen, ouni datt gewosst aus wat méi spéit mam Gebai geschéie soll[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne-Aymone Schmitz, Eine Ära geht zu Ende, am Luxemburger Wort den 2./3. Mäerz 2019, Säit 31

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réimecher Kannerheem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Bogenfenster und Heiligenstatuen am Luxemburger Wort vum 14. Mäerz 2019, Säit 34
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Anne-Aymone Schmitz (2019), an de Literatur