Réimesch Villa zu Hierber

Vu Wikipedia

D'Iwwerreschter vun enger réimescher Villa zu Hierber leien an de Floueren Op de Maueren an Am Buedem, laanscht d'Huesebaach, ronn ee Kilometer nërdlech vum Zentrum vun Hierber.

Si goufen eng éischt Kéier 1859 wëssenschaftlech beschriwwen[Wou ?].

An de Joerzéngten dono goufen op där Plaz, wa geplout gouf, ëmmer nees archeologesch Spuere fonnt (Zillen, Mosaikstécker, Mënzen,...). D'Mënzen, déi fonnt goufen, waren aus dem 1. bis 4. Joerhonnert.[1]

Den Haff (villa rustica), deen aus engem representativen Härenhausan e puer Niewegebaier bestoung, war warscheinlech am 3. Joerhonnert mat enger Mauer an engem Tuerm befestegt ginn, fir d'Gebaier géint Iwwerfäll vu Germanen ze schützen. Eréischt am 5. Joerhonnert schéngt en definitiv opgi ginn ze sinn.

2016 huet de Centre national de recherche archéologique Opname vum Terrain aus engem Fliger eraus gemaach. Am aussergewéinlech dréchenen a waarme Summer 2018 goufe vum Kadaster weider Opnamen aus der Loft gemaach, op deenen d'Areal gutt z'erkennen ass.[2]

Den 22. Mee 2019 goufen d'Iwwerreschter vun der Villa op den Zousazinventaire vun de klasséierte Gebaier agedroen.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Römervilla von Herborn wird durch Trockenheit sichtbar". wort.lu, 13-02-2018.
  2. Loftopnam vum Summer 2018 op geoportail.lu.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).