Réngen

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Réngen
Typ Kraaftsport, Kampfsport, Nokampf, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart ♂ zënter 1896, ausser 1900;
Freestyle zënter 1904
♀ zënter 2004, just Freestyle
Federatioun
International United World Wrestling
Ursprong
Aner Informatiounen
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Aserbaidjan (2023, griichesch-réimesch)
 USA (Freestyle, 2023)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Japan (2023)


Réngen ass e Kampf- a Kraaftsport an eng Olympesch Sportaart bei där zwéin Athleete géintenee kämpfen a probéieren de Géigner mat béide Schëlleren op d'Matt ze drécken oder wärend dem Kampf méi Punkte wéi de Géigner ze kréien.

Bei den Olympesche Spiller gëtt et zwou Varianten: Freestyle a griichesch-réimesch. D'Reegele si bal identesch, mat der Ausnam datt een am griichesch-réimesche Réngen säi Géigner net ënner der Taille attackéieren oder seng eege Bee benotzen däerf fir Grëffer auszeféieren.

Nieft der Liichtathleetik zielt d'Réngen als eelst Kompetitiounssportaart vun der Welt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich an am anticken Egypte goufen Hielenzeechnunge vu Rénger fonnt, déi bis an d'Joer 3000 v. Chr. zeréckginn.

Déi antik Griichen hunn de Sport benotzt fir d'Zaldoten am Nokampf ze trainéieren, an d'Réimer hunn de Sport iwwerholl an e weider entwéckelt fir em e bësse vu senger Brutalitéit ewech ze huelen.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Beim griichesch-réimesche Réngen benotzen d'Athleete just hir Äerm an den Uewerkierper fir unzegräifen an däerfen och just déi selwecht Kierperdeeler vum Géigner festhalen.

De Freestyle ass eng vill méi oppe Form bei där d'Rénger och hir Bee benotze kënnen an hir Géigner uewenzeg an ënnerzeg der Taille festhale kënnen.

D'Athleeten däerfen hire Géigner awer net wiergen, him d'Äerm verdréinen, mat dem Ielebou oder dem Knéi schloen, mam Kapp stoussen, de Géigner bäissen, mat den Hoer zéien oder hie mam Kapp op de Buedem stoussen. Och Grëffer, déi eng Gefor fir den Hals oder de Réck duerstelle sinn net erlaabt.

Déi heefegst Method fir Kämpf a béide Varianten ze gewannen ass déi no Punkten. D'Rénger kréie Punkten andeems se mat erlaabten Techniken (Worf, Schleider- an Hiewelgrëff) probéieren de Géigner fir e puer Sekonne mat béide Schëlleren op d'Matt ze drécken. Bei der Technik vun der Ëmdréiung geet et drëm, fir aus der Defensiv eraus d'Kontroll iwwer de Match ze gewannen.

D'Beweegunge gi jee no Schwieregkeetsgrad mat Punkte bewäert, woubäi et fir eng eenzeg Beweegung tëscht engem a fënnef Punkte gëtt.

Op der aner Säit kënnen d'Athleeten och Punkten duerch Feeler vum Géigner zegutt geschriwwe kréien, z. B. wéinst net erlaabten Handgrëffer, wann ee probéiert aus engem Grëff erauszekommen amplaz en ofzewieren, wann een eng ze vill negativ oder passiv Haltung anhëlt, asw. Dat féiert dacks vu Verwarnungen a bei dräi Verwarnunge pro Match ass een automatesch disqualifizéiert.

Ee Kampf dauert sechs Minutten an den Athleet deen um Enn déi meescht Punkten huet gewënnt. Bei engem Ex aequo wënnt deen, deen déi meescht Punkten an enger eenzeger Aktioun krut.

Eng Victoire duerch technesch Iwwerleeënheet kritt een am Freestyle bei engem Virsprong vun 10 Punkten oder vun 8 Punkten am griichesch-réimesche Stil. Direkt gewonnen huet dee Rénger deen et fäerdeg bréngt de Géigner mat béide Schëlleren op de Buedem ze drécken.

D'Réngkämpf bei den Olympesche Spiller bestinn aus dräi Deeler vun allkéiers zwou Minutte mat jeeweils enger Paus vun 30 Sekonnen dertëscht.

Réngen an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

D'Rénge gouf 708 v. Chr., kuerz Zäit nom Ufank vun der dokumentéierter Geschicht vun de Spiller, als Deel vum Fënnefkampf bei den Olympesche Spiller vun der Antik agefouert. Wéi d'Olympesch Spiller vun der Neizäit 1896 zu Athen nees an d'Liewe geruff goufen, koum d'Réngen an de Mëttelpunkt vun de Spiller well d'Organisateuren em eng historesch Bedeitung zougeschriwwen hunn. Dat griichesch-réimescht Réngen gouf als Reinkarnatioun vum anticke griicheschen a réimesche Réngkampf ugesinn.

Ausser am Joer 1900 war d'Réngen zënter 1896 ëmmer en Deel vun allen Olympesche Summerspiller.

Am Joer 1904 koum de Freestyle an den offiziellen olympesche Programm derbäi. En hat wäit manner Geschicht an Traditioun wéi de griichesch-réimesche Stil, gouf awer ganz séier populär an huet sech zu enger Form vu professioneller Ënnerhalung entwéckelt, déi op Foiren a Fester a Groussbritannien an an den USA opgefouert gouf.

De Freestyle war zënterhier – mat Ausnam vu Stockholm 1912 an Antwerpen 1920 – bei alle Spiller derbäi.

De griichesch-réimesche Stil ass bis haut just fir Männer erlaabt; d'Frae sinn zënter de Spiller zu Athen am Joer 2004 am Freestyle erlaabt.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze sinn 288 Athleeten (192 Männer a 96 Fraen) a follgenden 18 Kompetitiounen zougelooss.

Freetsyle Griichesch-réimesch
Dammen 50 kg, 53 kg, 57 kg,
62 kg, 68 kg, 76 kg
---
Hären 57 kg, 65 kg, 74 kg,
86 kg, 97 kg, 125 kg
60 kg, 67 kg, 77 kg,
87 kg, 97 kg, 130 kg

D'Kämpf ginn nom k.o.-Prinzip ausgedroen. Zwou Bronzemedaile ginn an der Hoffnungsronn verginn, an där déi Rénger matmaachen, déi géint d'Finaliste verluer hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réngen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]