Op den Inhalt sprangen

R.O.M.

Vu Wikipedia

R.O.M (Radio Organisation Medernach) ass e lokale Radiossender zu Lëtzebuerg.[1]

E sent zanter 1993, ufanks op der UKW-Frequenz 106,5 MHz, zanter 2016 op 101,5 MHz, an ass am Ärenzdall bis erop an dat südlecht Éislek z'empfänken.

R.O.M. gëtt vun enger 15 Benevolle bedriwwen, woubäi nach aner punktuell Hëllefe kommen. E versteet sech als Lien tëscht Bierger, Veräiner an Institutiounen.

E sent ronderëm d'Auer 24 Stonnen op 24. De Museksprogramm ass breet gefächert; am Textprogramm ginn och alt Podcasten zu Theeme wéi Gesondheet, Ekonomie, Wëssenschaft oder Autotester ausgestraalt. Nieft lokalen Informatiounen, absënns owes tëscht 6 an 11 Auer, gëtt et och all Stonn international Noriichten, déi op Englesch sinn a vun enger Agence iwwerholl ginn.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vun dësem Artikel, wou net anescht uginn: Claude Molinaro: "mitten in Medernach." tageblatt, .12.2024, Nr., S.xx.