Raclette

Vu Wikipedia

D'Raclette ass en original Schwäitzer Rezept. Den Numm Raclette kënnt vum franséische racler d. h. ofschappen. Fréier ass en hallwe Kéis bei d'Feier gehale ginn bis déi iewescht Schicht ugefaangen huet ze schmëlzen. Dunn ass déi Schicht op e gewiermten Teller ofgeschappt ginn a mat Peffer gewierzt ginn.

Hautdesdaags gëtt et extra Raclettesgeschier wou ee mat Pännercher schafft. D'Hëtzt gëtt dobäi vun engem Hëtzstaf produzéiert, d'Pännecher stellt een drënner an de Kéis oder wat ee soss nach dobäi mécht, wéi z. B. Paprika, Kornischongen, Ënnercher, Speck, Gromperen, oder och aner Saachen, ginn dann dorënner waarm gemaach.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Raclette – Biller, Videoen oder Audiodateien