RadioAstron
RadioAstron | |
---|---|
Typ | Radioastronomie |
Land | Russland |
Agentur | |
Apogeum | 296.724 km |
Perigeum | 48.212 km |
Bunnschréi | 74,2° |
Mass | 3.295 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 8d 17h 05min |
Start | 18. Juli 2011, 02:31 UTC]] |
Startplaz | Baikonur |
Drorakéit | Zenit-3F/Fregat-SB |
Status | aktiv |
De RadioAstron (och Spektr-R genannt) ass e Weltraumteleskop fir interferometresch Observatiounen am Radioberäich. De Start war den 18. Juli 2011.
Mat RadioAstron gouf e Radioteleskop mat 10 m Reflekterduerchmiesser op eng exzentresch Äerdëmlafbunn mat 9,5 Deeg Ëmlafzäit geschéckt. Seng gréisst Distanz vun der Äerd ass ronn 350.000 km. An Zesummenaarbecht mat äerdgebonnenen Teleskope sollen no der VLBI-Method héchstopgeléist Observatiounen a véier Beräicher tëscht 1,35 an 92 cm Wellelängt méiglech sinn. Am Beräich ëm 1,35 cm Wellelängt (Frequenze vun 18 bis 25 GHz) soll sou eng Opléisung vu 7 Mikrobousekonnen erreecht ginn.[1]
RadioAstron ass en internationale Projet ënner Opsiicht vum Moskauer Astrokosmeschen Zentrum am Lebedew-Institut fir Physik vun der russescher Akademie vun de Wëssenschaften. Méi wéi 20 Länner sinn dru bedeelegt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Spektr-R – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) (ru) Astro Space Center: RadioAstron
- (en) Gunter's Space Page: Spektr R (Radio-Astron)
- (en)NASA: RadioAstron
- Raumfahrer.net: RadioAstron virum Start
- Raumfahrer.net: RadioAstron gestart
- Raumfahrer.net: RadioAstron op Rekordkurs
- Video