Op den Inhalt sprangen

Radio Belle Vallée

Vu Wikipedia
Radio Belle Vallée
Allgemeng Informatiounen
Typ Lokalradio
Land Lëtzebuerg
Slogan De Sender aus der Minett
Geschicht
Ufanksdatum 1992
Gestioun
Empfang
Frequenz 107,0 MHz
Streaming https://rbv.lu/radio/rbv/
Homepage https://rbv.lu/

De Radio Belle Vallée, kuerz RBV, ass e Lokalradio zu Lëtzebuerg, deen zanter 1992 vu Féiz op der UKW-Frequenz 107 MHz ausgestraalt gëtt. E kann och als Livestream iwwer den Internet empfaange ginn. De Studio ass zu Bieles.

Gesent gëtt déi ganzen Zäit ouni Ënnerbriechung, mä just eng 70 Stonnen d'Woch si vu fräiwëllege Radiosanimateure begleet, de Rescht vum Programm besteet aus verschiddenen thematesch am viraus zesummegesate Museksbléck.

RBV Speakeren an hir Sendungen

[änneren | Quelltext änneren]

Den Tun ass de Motor hannert dem Radio Belle Vallée. Praktesch all fräi Minutt gëtt hie fir de Radio a suergt dofir, datt d'Speakeren hir Sendungen och maache kënnen. Am Programm vum Radio trëtt den Tunn ëmmer iwwerraschend op.

De Julien ass sonndes mueres op Antenn, mat der Sendung "Hey Du". Dës Emissioun presentéiert verschidde Museksrichtungen an invitéiert Nolauschterer matzemaachen.

De Loïc ass zanter 2014 am Team vum RBV an elo mat 25 Joer och dee jéngste Speaker. Hie moderéiert all Samschde vu 14 bis 16 Auer "TMM - Talk, Music and More", eng modern Sendung wou alleguer d'Nolauschterer kënne matmaachen, an interessant Theemen an déi aktuellste Musek presentéiert ginn. Bei him an der Sendung ware schonn eng ganz Rëtsch u Perséinlechkeeten: Paul Panzer, Dan Kersch, Andreas Gablier, Corinne Cahen, Jean-Claude Hollerich, Nancy Kemp-Arendt, Anne Faber, Joris, Tommy Schlesser, etc.

Den RBV Team besteet es Weideren Roger, Jacqueline, Benny, Man, Antonio, Netty Cloclo, Noel, Kevin, René, David, Pierre, a Lilly.

Verstuerwe Mataarbecher sinn den Nico an d'Liette.