Radio LNW
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Radio LNW | |
|---|---|
| Allgemeng Informatiounen | |
| Typ | Schülerradio |
| Land | Lëtzebuerg |
| Sëtz | Wolz |
| Geschicht | |
| Ufanksdatum | 1991 |
| Gestioun | |
| Empfang | |
| Frequenz | 102,2 MHz |
| Streaming | http://213.135.229.13/ |
| Homepage | https://ln.lu/radio-lnw/ |
|
| |
De Radio LNW ass de Radio vum Lycée du Nord vu Wolz, an e lëtzebuergesche Radiosender[1], dee vu Wolz aus, op der Frequenz 102,2 MHz ausgestraalt gëtt. E gëtt vun der Asbl « Coraly Woltz » geréiert.
Gesent gëtt grondsätzlech 24 Stonnen am Dag, dovu ginn e puer Stonne vu Schüler aus dem Lycée du Nord live, oder am viraus opgeholle Sendungen animéiert[2]. De Radio beschäftegt ee Vollzäit-Techniker fir d'Opname mat de Schüler an hiren Enseignanten z'erméiglechen[3].
Baussent deene Stonne suergt en automatesche System fir Ofwiesslung. Als eenzege Radio am Land bitt Radio LNW den Nolauschterer d'Méiglechkeet quasi zu all Moment Musekswënsch gespillt ze kréien, wa grad keng Live Sendung leeft, dann iwwerhëlt den automateschen Animateur[4] d'Programmatioun vun de Musekswënsch.
De Radio LNW war mat auslännesche Schoulradiossenderen um Comenius Projet vun der Europäescher Union aktiv[5].
Zesumme mat anere Schoule produzéiert de Radio LNW ofwiesselend d'Sendung "Schülerradio"[6] um Radio 100,7.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de lëtzebuergesche Radiosender op der Websäit vum Institut Luxembourgeois de Régulation
- ↑ Programm Iwwersiicht Archivéiert de 26.11.2009. Gekuckt den 23.11.2009.
- ↑ Radio LNW – Lycée du Nord. ln.lu. Gekuckt den 01.04.2025.
- ↑ Erklärung iwwer de Fonctionnement vun den automatesche Musekswënsch per SMS Archivéiert de 26.11.2009. Gekuckt den 23.11.2009.
- ↑ Presentatioun vum Comenius Projet op der Websäit vum Radio LNW Archivéiert de 26.11.2009. Gekuckt den 23.11.2009.
- ↑ Iwwersiicht vun der Sendung "Schülerradio" op der Websäit vum Radio 100,7 Archivéiert de 26.11.2009. Gekuckt den 23.11.2009.
