Raiberhiel

Vu Wikipedia
Raiberhiel
Land Lëtzebuerg
Plaz Gemeng Bäerdref
Koordinaten 49° 49’ 28.60’’ N
      06° 20’ 19.30’’ O


D'Raiberhiel ass eng geologesch Formatioun am Lëtzebuerger Naturpark Mëllerdall, nordwestlech vun der Uerschaft Bäerdref.

Et ass e Passage tëscht zwou Fielswänn, mat op enger Plaz engem enke Schloff vu knapps engem Meter Héicht. Bannenan ass d'Hiel no uewen op, wou een iwwer zwou eise Leederen, eng dovu 15 Meter héich, uewenaus erauskënnt.

Se läit um lokale Wanderwee B2, dee 4,2 km laang ass. D'Streck endegt um Sandsteenplateau, um Bord vun de Ruelzbechschlëff. Dat Stéck duerch d'Raiberhiel ass eng 100 Meter laang, huet 50 Meter Héichtënnerscheed an ass 300-350 Meter iwwer dem Mieresspigel.

Duerch d'Presenz vun de Fielsen a Bëscher ass e spezielle Mikroklima entstanen. D'Eegenschafte vum Mikroklima sinn ënner anerem déi stänneg héich Fiichtegkeet a kleng Temperaturdifferenzen. De Bichebësch mécht permanent Schiet an dréit zu der Fiichtegkeet bäi.