Ranger 2

Vu Wikipedia
Ranger 2
D'Ranger 2
Typ Moundsond
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 1961-032A
Start 18. November 1961
Startplaz CCAFC LC-12
Drorakéit Atlas-Agena-B
Status vergloust den 20. November 1961

D'Ranger 2 war wéi hire Virgänger Ranger 1 eng Raumsond vun der NASA fir d'Erprouwung vu wëssenschaftlechen Instrumenter. De Start war den 18. November 1961 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit vun der Startramp LC-12 op der Cape Canaveral Air Force Station.

U Bord hat d'Sond ënner anerem Experimenter fir d'Observatioun vun der kosmescher Stralung an dem Äerdmagnéitfeld. Si hat e Gewiicht vun 304 Kilogramm. Den Opbau war bal identesch mat Ranger 1. Alle béid goufen am Block-I-Design gebaut.

Nom erfollegräiche Start an d'Erreeche vun der Parkbunn op engem 130 bis 150 km héije Äerdorbit sollt eng nei Zündung d'Sond op eng staark elliptesch Bunn bréngen. Wéinst enger Feelfunktioun konnt d'Uewerstuf net zünden. Doduerch konnt Ranger 2 net déi gewënschten Héicht erreechen a war den 20. November 1961 an der Äerdatmosphär vergloust. Trotz der feelgeschloener Zündung hat d'NASA d'Missioun als Deelerfolleg notéiert, well bewise konnt ginn, datt et technesch méiglech ass, Experimenter respektiv Miessunge vun der Äerd aus ze starten a Resultater ze kréien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Werner Büdeler: Monde von Menschenhand, Säit 196 bis 198

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]