Ranger 9

Vu Wikipedia
Ranger 9
Ranger 9
Typ Äerdmoundsond
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 1965-023A
Mass 367 kg
Start 21. Mäerz 1965
Startplaz CCAFC LC-12
Drorakéit Atlas-Agena-B
Status Schluss vun der Missioun
24. Mäerz 1965
Ranger 9-Bild weist Rillen um Buedem vum Alphonsus.

De Ranger 9 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Si war déi néngt a lescht Sond am Kader vum Ranger-Programm fir Erfuerschung vum Äerdmound. Si war wéi Ranger 6 bis Ranger 7 am sougenannte Block-III-Design gebaut an huet 367 Kilogramm gewien. Wéi d'Missioune virdru sollt si an de leschte Minutte virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd schécken.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ranger 9 gouf den 21. Mäerz 1965 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit LC-12 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn an 185 Kilometer Héicht gouf d'Agena-Uewerstuf 90 Sekonne gezünnt an huet d'Ranger 9 op eng Fluchbunn fir op de Mound bruecht. 70 Minutten nom Start huet si d'Solarpanéilen opgemaach. Den 23. Mäerz 1965 gouf et eng Zündung vun de Korrekturdreifwierker vun 31 Sekonnen. De 24. Mäerz 1965 huet Ranger 9 de Mound erreecht. Dat éischt Bild gouf aus enger Héicht vun 2363 Kilometer um 13:49 Auer UT opgeholl. Dat lescht Bild hat eng Opléisung vun 0,3 Meter a war domat dat héchstopgeléist Bild vun de Ranger-Missiounen. No 64 Stonne Missiounsdauer ass d'Sond mat zirka 2,67 km/s am Krater Alphonsus ageschloen.

D'Missioun war en Erfolleg.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Biller vun der Sond goufe live an der amerikanescher Televisioun iwwerdroen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Live-Biller vun de leschte Sekonnen.