Rei Momo

Vu Wikipedia
Wagner Jorge Monteiro, Rei Momo vum Karneval vu Rio de Janeiro, 2004.
Waldemar Esteves da Cunha, Rei Momo vu Santos, mat der Kinnigin Mira, um Karneval vun 1988.

De Rei Momo (Kinnek Momo) ass e Personnage deen dacks am brasilianeschen a kolumbanesche Karneval optrëtt.

A praktesch all Stad gëtt e Rei Momo, dee gewéinlech fir seng Korpulenz erausgesicht gëtt. Am Karneval gëtt de Buergermeeschter him d'Schlëssele vun der Stad, an hëlleft him eng Kinnigin ze fannen, déi fir hir Schéinheet an hir Experienz am Sambadanz erausgesicht gëtt.

De Rei Momo ass dann dräi Deeg Meeschter iwwer d'Stad.

Geschicht a Legend[änneren | Quelltext änneren]

De Momos (op griichesch Μώμος) war an der grichescher Mythologie de Gott vun der Ironi. E gouf aus dem Olymp erausgehäit well en iwwer déi aner Gëtter gelästert hat, an hätt duerno op der Äerd de Karneval gegrënnt. Dofir steet de brasilianesche Karneval ënner sengem Patronage.

Rei Momo vu Santos[änneren | Quelltext änneren]

De Waldemar Esteves da Cunha (* 19202013)[1],[2] war de Rei Momo vu Santos vun 1950 bis 1956 a vun 1958 bis 1990, a war mat 93 Joer, och wann net méi aktiv, den eelste Rei Momo vu Brasilien.[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Novo Milênio: Tempo de Carnaval (5-a)
  2. Corpo do primeiro Rei Momo de Santos é enterrado no Memorial Gearchiveerd op 2013-08-01. Gekuckt de(n) 2013-04-10.
  3. Novo Milênio: Tempo de Carnaval (5-b)